5 oct. 2018 Table ronde: D'Parteie bekenne Faarf zur Schoulpolitik

D’Schoullandschaft huet sech an de leschte Joeren duerch vill Reformen enorm verännert.
Ass d’Schoul um richtege Wee fir eis Kanner op d’Zukunft virzebereden
an hinnen d’Wëssen an d’Wäerter ze vermëttelen
eng gerecht an nohalteg Gesellschaft ze gestalten an ze liewen?
Wat sinn d’Virstellungen an d’Propositioune vun de politesche Parteien?
Mir invitéieren d’Politiker Stellung ze huelen.

D’Diskussioun gëtt ënnerdeelt an 3 grouss Themebléck:
Liberaliséierung a Gestioun vun der Schoul
New Public Management an der ëffentlecher Schoul
Autonomie vun de Schoulen
Diversifikatioun vu der Schouloffer / Spezialisatioun vun de Filièren
Cogestiounsmodell
Penurie a Formatioun vun den Enseignanten
Ziler vun der ëffentlecher Schoul a Sproochenunterrecht
Eng Formatioun orientéiert op Employabilitéit an Demande vum Aarbechtsmarché versus Allgemengbildung fir jiddereen
Roll vun der Digitalisatioun
De Choix vun de Sproochen an hiren Impakt
Gewalt an der Schoul
Mobbing
Verhalenskreativ Kanner
Autoritéit vun der Schoul
Roll vun den Elteren
Fir d’Diskussioun ofzeschléissen äntwerten d’Politiker och op äer Froen.
No der Table Ronde offréiert d’FGIL e Patt an eng kleng Stäerkung