Et ass kee Geheimnis

Et ass kee Geheimnis
Den SEW/OGBL huet dëst Joer, den 30. Januar, fir méi genee ze sinn, invitéiert op eng Konferenz wou den Dr Thomas Lenz, Chercheur op der Uni Lëtzebuerg an Auteur vum lëtzebuerger Bildungsbericht d’Eckdate vun dësem presentéiert huet.
Hien hat a senger Présentatioun de Schwéierpunkt op d’Ongläichheeten, d’Kompetenze vun den Erstklässler an dem Passage vum EF an de Secondaire geluecht. No der Präsentatioun war och en Debat.
Wat am Fong doraus festzehale war, ass erschreckend einfach: et geet ëmmer nees an ëmmer erëm ëm d’Liesen. Nët nëmmen, awer et dréint vill dorëms. Wann d’Kanner net regelméisseg liesen, also doheem natierlech a vir sech, ass séier e Retard festzestellen, par rapport zu den anere Kanner an der Moyenne. Dat kann ee selwer och nokucken am Bildungsbericht, deen een online fënnt hei:
An all deenen Duerstellungen a Graphike gesäit een, datt d’Lieskompetenz ënnert anerem, bei ville Kanner ënnerduerchschnittlech ass, je nodeem wou se hirkommen.
Wat kënne mir an der Schoul maache fir de Kanner nees de Goût um Liesen ze ginn? Vill Schoulen hunn de Problem erkannt a maache, wat se kënnen fir deem entgéint ze wierken.
Wat kann de MENJE maache fir de Kanner nees Goût um Liesen ze ginn? An der Zäit si mol grousss Kampagnen gelaf fir de Kanner d’Liese méi no ze bréngen, awer dovunner ass haut net méi vill iwwreg.
Wa mir wëllen datt di Schéier tëscht gudde Schüler a Schüler mat Retarden net ze grouss gëtt, muss elo séier eppes geschéien. Um Ministère schéngt de Problem net erkannt, oder zumindest net méi politësch interessant ze sinn. Offensichtlech ass Coding méi „catchy“ wéi Liesförderung. Coding ass sëcherlech interessant, de facto stelle mir awer fest, dass d’Kanner deen eigentlechen Basis-Code net beherrschen.
E Kand dat gutt liese kann a vill liest, ass e Kand wat denke kann, kritesch ass, sech Froe stellt, firwëlzeg op d’Welt ass. A beim Liesen di sech dem Kand och vill aner Welten op a maachen, datt et mat oppenen Aen a mat kriteschem Geescht duerch d’Liewe geet.
An genee dat dote gëllt et an eisen Aen ze promouvéieren, un éischter Stell, virum Coding oder aanere Fächer aus der Kategorie Effekthascherei.