Sozial Ongläichheet, och oder grad an der Corona-Krise – eng Fatalitéit?

Sozial Ongläichheet, och oder grad an der Corona-Krise – eng Fatalitéit?
Schonn 2018 gouf am Bildungsbericht ausdrécklech drop higewisen, dass déi sozial Ongläichheeten een direkten Impakt op de Bildungswee vun de Schülerinnen a Schüler hunn: „Ergänzend muss in diesem Kontext auf die Ergebnisse zu sozioökonomischen Hintergrund des Schülerinnen und Schüler hingewiesen werden, der zusätzlich – und oftmals kumulativ – zum Sprachhintergrund Einfluss auf die Leistungen der Schülerinnen und Schüler nimmt. (...) Kinder aus sozial benachteiligten Familien haben – von wenigen Ausnahmen abgesehen - Probleme, ihr ursprünglich teils hohes Kompetenzniveau bis zur 9. Klassen zu halten, bzw. über die Jahre zu ihren Schulkollegen aufzuschließen.“ (Nationaler Bildungsbericht Luxemburg 2018)
Scho virun der sanitärer Kris war et duerch de Contingent dacks net méiglech schwaach Schülerinnen a Schüler optimal z‘encadréieren. Den Enseignement à distance iwwer digital Medien, dee mat der Pandemie staark promouvéiert gouf, huet dës Problemer verschäerft. Grad déi Schülerinnen a Schüler, déi doheem net adequat vun den Eltere schoulesch betreit oder begleet konnte ginn, déi net dat néidegt informatescht Material zur Verfügung haten, oder déi souwisou scho schoulesch Problemer haten, sinn alt nees déi grouss Verléierer, an déi sozial Schéier geet definitiv ëmmer méi wäit auserneen.
Deemno steet d‘lëtzebuerger Schoul haut virun enormen Erausfuerderungen: Mir mussen elo alles dru setzen, fir alle Kanner déi gréisst méiglech Chance op eng gutt Bildung z’offréieren, well si ass de Garant fir sozial Gerechtegkeet a gesellschaftlech Kohesioun. Grad dofir brauche mir lo ee Konzept, fir den negativen Impakt vun der sanitärer Krise op de Bildungswee vun eise Schülerinnen a Schüler geréng ze halen.
Et ass kee Geheimnis: dofir brauch et déi néideg Ressourcen a politesche Wëllen.
Soumadder muss all verfügbaart qualifizéiert Personal elo um Terrain bei de Schülerinnen a Schüler agesat ginn. Duerch ee besseren Ecadrementstaux kënne mir méiglechst séier an effektiv op d’Besoin’en vun eise Schülerinnen a Schüler agoen.
Nach ëmmer hält de Minister um Coding a PDS fest. Dobäi sinn dës ondefinéiert Konzepter sécher net Prioritéit, wann et dach drëms geet, déi duerch d’Kris entstane schoulesch Retarden opzefänken. Mir sollen eis op eis Käraufgab zréck besënnen, an eis op dat fokusséieren, wat aktuell am Plan d’études steet. All eis Energie an Zäit soll an d’Opschaffe vun de schoulesche Lacunne goen, well et do ass, wou de Schong momentan am meeschten dréckt.
Mir brauche laangfristeg Strategien, fir deene benodeelegte Schülerinnen a Schüler Hëllefsstellung kënnen ze ginn. Et soll een elo iwwer d’Mise en place vun Appuismesuren nodenken, an dat iwwert ee méiglechst laangen Zäitraum fir méiglechst vill Schülerinnen a Schüler. Dass dëst, mat der aktueller Penurie u Personal, eng Erausfuerderung wäert sinn, ass ee Grond méi, elo schonn, an Zesummenaarbecht mat de Leit vum Terrain, realisabel Konzepter auszeschaffen.
„Es gibt nur eins, was auf Dauer teurer ist als Bildung, keine Bildung.“ John F. Kennedy