Och am Confinement war SEW/OGBL ganz aktiv fir d’Schoulen, d‘Schüler an d’Schoulpersonal !

05.06.2020

Och am Confinement war SEW/OGBL ganz aktiv fir d’Schoulen, d‘Schüler an d’Schoulpersonal !


Wéi den 13te Mäerz d’Zoumaache vun de Schoule ganz plëtzlech ugekënnegt ginn ass, do konnte Schüler an Elteren op d’Professionalitéit an d‘Reaktivitéit vun den Enseignanten zielen, déi a kiirzester Zäit Iwwerbréckungsprogrammer erstallt an duerno séier, a mat ganz vill Engagement, sech dem Enseignement à distance gewidmet hunn.

1449017681366.jpgD’Kommunikatioun vum Educatiounsministère mat den Enseignanten, awer och mat den Direktiounen an de Gemengen, huet gläichzäiteg leider ee weideren Déifpunkt erreecht: Pressekonferenzen a Berichterstattung an de Medie si quasi zu deenen eenzege Matdeelungen un d’Schoulpersonal ginn.

Précipitatioun, Mangel u klore Messagen, Feelinformatiounen, Inkoherenzen an zum Deel och blannen Aktionismus hunn de Schoule vill ofverlaangt, an esou munch Enseignant no un d‘Grenze vu senger Belaaschtbarkeet an un d’Verzweiwlung bruecht. Ëmmer rëm huet d’Schoulpersonal sech, an engem enormen Effort an ënnert groussem Zäitdrock, un nei Richtlinnen a Virgaben adaptéiert.

Déi verschidde Branche vum SEW/OGBL sinn an dëser Zäit zuhäuf beim Ministère intervenéiert an hunn allerlee aner Kanäl benotzt fir op déi vill Mëssstänn hinzeweisen. Duerch dës onermiddlech Aktiounen, Reaktiounen, awer och Antizipatiounen, konnten eng ganz Rei Saache beaflosst an zum Deel ofgewiert ginn.

Heirënner e klengen Iwwerbléck vun de sëllegen Interventiounen…

  • 29. Mäerz
    Videomessage (SEW-FNCTTFEL)
    „D’Schoule sinn zou. Wéi soll et elo weider goen? Wat sinn d’Prioritéiten?“
  • 02. Abrëll
    Communiqué commun (SEW-FNCTTFEL & SNE)
    „La crise du Covid-19 : Les écoles luxembourgeoises face à un défi commun !“
  • 16. Abrëll
    Communiqué commun (APESS, FÉDUSE, SEW & SNE)
    “Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert der Konditioun dass d’Gesondheet vu jidderengem, Schüler a Léierpersonal, garantéiert ass!”
  • 20. Abrëll
    Newsletter (SEW-FNCTTFEL)
    „Info un d’Enseignanten aus dem Fondamental iwwert déi oppe Froen no der Pressekonferenz vum Minister.“
    Info un d’Enseignanten aus dem Fondamental :
    A senger Pressekonferenz huet den Educatiounsminister verschidde Mesurë fir d’Reouverture vun de Schoulen de 25. Mee a grousse Linne presentéiert.
    Allerdéngs musse nach eng ganz Rei praktesch Froen, op déi et aktuell (nach) keng Äntwert gëtt, gekläert ginn.
    Verschidde Regionaldirektioune sinn am gaangen d’Léierpersounen zäitlech ënner Drock ze setze fir hir Tâche ze adaptéieren.
    Am Moment ginn et nach vill Onkloerheeten a béid Gewerkschafte sichen zesummen den Dialog mam Ministère fir op déi oppe Froe Léisungen ze sichen, respektiv och Alternativen ze analyséieren.
    Et kann also duerchaus sinn, dass déi Engagementer hifälleg ginn, duerfir réit den SEW/OGBL den Enseignanten ofzewaarden an Iech net z’engagéieren an dat den Direktiounen och esou matzedeelen.
    Mir hoffen, dass an deenen nächsten Deeg déi oppe Froe gekläert ginn an eng eenheetlech Kommunikatioun an all Schoule geet.
  • 24. Abrëll
    Avis (SEW & UNEL)
    „Avis relatif aux mesures prises en réponse à la crise du COVID-19 en relation avec l’Education nationale.“
  • 28. Abrëll
    Communiqué commun (ACEN, AGESS, APESS, CNEL, FEDUSE, SEW & UNEL)
    „Gemeinsame Pressemitteilung zur Anwesenheitspflicht der Abschlussklassen und weitere Fragen zur Wiederaufnahme der Schule“
  • 04. Mee
    Communiqué commun (SEW-FNCTTFEL, OGBL -Syndikat Gesondheet a Sozialwesen, Landesverband–OGBL Syndikat Öffentliche Dienste & APCCA)
    „Analyse vun de Mesurë fir d’Reprise a kloer Fuerderungen!“
  • 04. Mee
    Communiqué commun (UNEL & SEW)
    „Anwesenheitspflicht auf Abschlussklassen: Kompromisslosigkeit des Bildungsministers zwingt die Gewerkschaften zu härteren Maßnahmen.“
  • 05. Mee
    Communiqué (APCCA & SEW/OGBL)
    „Quelles mesures de déconfinement pour les enfants à besoins spécifiques ?“
  • 08. Mee
    Ëmfro (SEW-FNCTTFEL)
    „Mir invitéieren d’Enseignanten aus dem Fondamental eise kuerze  Questionnaire iwwert d’Organisatioun vun der Reprise am Fondamental ze beäntwerten.“
  • 11. Mee
    Communiqué (SEW-FNCTTFEL)
    „Corona m’a tuer* - L’enseignement victime du virus“:olefabae:3
  • 11. Mee
    Communicatioun (SEW-FNCTTFEL)
    „Fuerderung: kee Splitting vun de Klasse fir kënne sënnvoll pedagogesch Aarbecht ze leeschten. Och wann dann dee ganzen Opwand ëmsoss war!“
    Respekt fir all déi Enseignanten aus dem Fondamental, déi de ganze Weekend d'Äntwerten vun den Elteren op de Questionnaire vum MENJE ausgewäert hunn, déi dacks hu misste nofroen, well de Questionnaire net kloer war a widdersprëchlech Umelldungen zougelooss huet. An dat gëllt och fir d'Comitéën, déi dat bal Onméiglecht probéieren fir et um Niveau un der Schoul sënnvoll ze organiséieren.
    Mir bleiwen trotzdem bei eiser Fuerderung: kee Splitting vun de Klasse fir kënne sënnvoll pedagogesch Aarbecht ze leeschten. Och wann dann dee ganzen Opwand ëmsoss war!
  • 12 Mee
    Communiqué (SEW-FNCTTFEL)
    „Schluss mat dem Organisatiounschaos am Fondamental : Här Meisch, loosst eis Kanner richteg an d’Schoul goen.“
  • 13. Mee
    Oppene Bréif (SEW-FNCTTFEL) un Frau Paulette Lenert, Gesondheitsministerin
    „Rückkehr in die Schule: Keine Normalität für Kinder!“
  • 15. Mee
    Oppene Bréif (APCCA) un den Här Claude Meisch, Schoulminister
    „Här Minister, wéi vill sinn Iech d’Schüler aus de Kompetenzzentre wierklech wäert?“
  • 15. Mee
    Communiqué (SEW-FNCTTFEL)
    „Organisatiounschaos a Planungsdefiziter ginn um Réck vum Personal ausgedroen: Kengem Kand gëtt domadder gehollef!“
    Organisatiounschaos a Planungsdefiziter ginn um Reck vum Personal ausgedroen: Kengem Kand gett domadder gehollef!
    De Splitting vun de Klassen fir d’Reprise vum Unterrecht de 25te Mee gëtt vum Unterrichtsministère weiderhin an ouni Rücksicht op Verloschter duerchgeboxt.
    Personalmängel ginn domadder kompenséiert, dass elauter Leit agestallt ginn ouni néideg Qualifikatioun.
    Sällmängel ginn domadder kompenséiert, dass d’Kanner a Sportshalen geparkt ginn.
    Planungsdefiziter ginn domadder kompenséiert, dass d‘Schoulpersonal ënner Drock gesat gëtt.
    D’Enseignanten an d’Schoulcomitéën hunn an de leschten 2 Wochen zum Deel Dag a Nuecht geschafft fir eppes ze realiséieren, wat vun Unterrecht wäit ewech ass – a vu Bildung nach vill méi.
    Vun offizieller Säit gëtt aus deem Grond net fir näischt vun „Plan de Prise en Charge“ geschwat.
    All Dag trudelen nei Instruktiounen, Consignen, Contrainten eran, all Dag muss réadaptéiert, geännert, vu vir ugefaangen ginn.
    Wat haut vum Schoulpersonal ausgeschafft gëtt, muss mar frësch gemaacht ginn, an dat am Beschte scho fir gëschter.
    D’Schoulpersonal huet d’Vertrauen an de Ministère komplett verluer.
    D’Schoulpersonal huet verstanen, dass sie verheitzt ginn fir déi inefficace Mesure vum Splitting auf Biegen und Brechen duerchzeféieren.
    D’Schoulpersonal mierkt, dass dëss Mesuren de Schoulkanner net zegudd kommen, hinnen souguer schueden.
    Mir Enseignanten, mir Memberen vum Schoulpersonal, si net méi bereed, dëst z'akzeptéieren.
    Här Minister,
    Gidd eis ALL eis Schüler zeréck.
    Gidd eis eis Gebaier, eis Raimlechkeeten, eis Maison Relais zeréck.
    Gidd eis eis Schoul zeréck.
    Mer wëssen wat mer ze maachen hunn.
    Loosst eis dat och maachen.
    Fir d’Kanner.
    Fir d’Schoul.
    Fir d’Bildung.
  • 18. Mee
    Oppene Bréif (SEW-FNCTTFEL) un de Premier Minister Xavier Bettel an un d’Regierung
    „D‘Reprise vun de Grondschoulen de 25. Mee“
  • 20. Mee
    Gemeinsame Message (APCCA & SPEBS)
    Bilan vun der gemeinsamer Entrevue mam Minister:
    “Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.“
  • 21. Mee
    Video
    Zur Schoulrentrée am Fondamental
  • 29. Mee
    Communiqué (SEW-FNCTTFEL)
    „En Accueil Moies virun der Schoul fir all d’Kanner am Besoin an e Retour zu de ganze Klassen no der Päischtvakanz“
    ET GEET DUER! SCHLUSS MAM ORGANISATORESCHE CHAOS!
    DEN SEW/OGBL AN DE LANDESVERBAND FUERDEREN D’OFFER VUN ENGEM ACCUEIL MOIES VIRUN DER SCHOUL FIR ALL D’KANNER AM BESOIN AN E RETOUR ZU DE GANZE KLASSEN NO DER PÄISCHTVAKANZ!
    Eng Woch no der Reprise am Fondamental schéckt de MENJE d’Direkteren an d’Schoule fir no der Vakanz eng Surveillance moies virun der Schoul organiséieren ze loossen, mat Consignen, déi et net soll schrëftlech ginn an déi net deem entsprieche wat de Minister ugekënnegt hat.
    Dës Surveillance soll exklusiv fir d’Kanner vun deenen Eltere sinn, déi um 8 Auer hir Aarbecht ufänke mussen. Si brauchen duerfir en Certificat vum Employeur, e Modell dovunner wëll de MENJE an den nächsten Deeg (!) den Enseignanten zoukomme loossen.
    Et gëtt keen Appell au Public a keng Enquête bei den Eltere gemaach, mee d'Titulairë sollen den Elteren déi Offer maache bei deenen se wëssen, dass de Besoin besteet.
    D’Enseignanten hunn déi Informatioun iwwert d’Aarbechtshoraire vun den Elteren natierlech net a missten se fir d’éischt (ouni Enquête!) bei den Elteren nofroen. D’Enseignantë kënnen a virun allem wëllen net jugéiere wien Urecht op dës Surveillance huet.
    Jeeweils a gemëschte Gruppen (Léier- an Übungsgruppen an all Cyclen duercherneen) bis 12 Kanner sollen d’Kanner virun der Schoul eng Stonn laang surveilléiert ginn; wéinst der Responsabilitéit awer net am Haff, mee an engem Raum oder dem Hall vun der Schoul; sënnvoll Aktivitéite sinn net virgesinn.
    Wann an enger Schoul déi eenzel Gruppen op méi Standuerter verdeelt sinn, gi Regruppementer op enger Plaz virgeholl. Kanner, déi net nëmmen an der Paus strikt getrennt bleiwe mussen, treffe sech alleguer virun der Schoul an engem Grupp.
    Dee Surveillance-Modell mécht den opwännege Splitting komplett lächerlech. Fir d’Enseignanten heescht dat och erëm vill Iwwerstonnen a vill Organisatiounsaarbecht fir e Modell, dee vläicht scho muer erëm op d’Kopp gehäit gëtt.
    D’Auswiel vun de Kanner ass eng segregatär Mesure a setzt Elteren, Léierpersonal a Gemengen ënner Drock.
    Nodeems d’Presidente vun de Schoulcomitéen zesumme mat hiren Enseignantë mat vill Aarbecht a groussem Zäitopwand e Modell vum Splitting aus dem Ministère ëmgesat hunn, dee vun enger grousser Majoritéit vun den Enseignanten als pedagogesch net sënnvoll ugesi gëtt, dierf d’Organisatioun vun där Surveillance net bei de Presidenten, Comitéen oder Titulairë leien!
    Den SEW/OGBL an de Landesverband fuerderen de Ministère op, eng Surveillance fir ALL Kanner am Besoin ze organiséieren!
    De Splitting ass duerch ekonomeschen Drock esou verwässert ginn, dass d’Kanner permanent an neie Gruppen a Konstellatiounen zesumme kommen.
    D’Kanner sollen erëm zesumme mat all hire Frënn aus der Klass an d’Schoul komme kënnen. E Splitting vun de Klassen ass nëmmen an Ausnamefäll bei ze vill groussen Effektiver sënnvoll. D’Maison Relais hätten domadder och erëm d’Méiglechkeet de Kanner moies virun der Schoul e sënnvollen Accueil ze bidden.
    An senge läschte Communicatioune schwätzt de Minister elo reegelméisseg vun engem „mir“. E „mir“ gëtt et am Enseignement awer net méi. Op der enger Säit gëtt et dauernd aner deelweis chaotesch Mesuren, déi sech selwer widderspriechen an op der anerer Säit gëtt mat groussem Opwand gekuckt, dass et an der Praxis organisatoresch klappt.
    Enseignantë brauchen no laangen an hektesche Wochen elo e puer Deeg fir d’Batterien erëm opzelueden. Et mussen awer gläichzäiteg och weiderhin d’Virbereedunge fir déi kommend Wochen, an och d’Rentrée am September stattfannen. Eis all erwaarde lescht Woche vum Schouljoer mat vill Aarbecht, Evaluatiounen, Elteregespréicher a Planunge fir d’nächst Schouljoer.
    Den SEW/OGBL an den Landesverband fuerderen fir d’Enseignanten elo den Droit à la déconnection fir déi nächst Woch.
    Dofir leet den SEW/OGBL all Léierpersoun un d’Häerz, an der Päischtvakanz ofzeschalten, Computeren auszemaache fir zur Rou ze kommen.
    Kommunizéiert vum SEW/OGBL a Landesverband
    den 29. Mee 2020