Den neitsten OEJQS-Rapport weist den akuten Handlungsbedarf beim Contingent

25.04.2025

Den SEW/OGBL gesäit sech a senge Fuerderunge bestätegt

Den neitsten OEJQS-Rapport weist den akuten Handlungsbedarf beim Contingent

Den SEW/OGBL weist schonn zanter enger Rei Joren drop hin, dass den aktuelle Contingent-Mechanismus de Besoinen um Terrain net genuch Rechnung dréit an ugepasst gi muss.

Den neitste Rapport vum "Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire" (OEJQS) bestätegt: déi aktuell personell Ressourcen ginn net méi duer, fir der wuessender sozialer Ongläichheet an der ëmmer méi komplexer Sproochesituatioun an de Schoule gerecht ze ginn. Souwuel de Basis-Contingent[1] wéi och déi méiglech Majoratioun vun 20 Prozent[2] mussen de neie Begebenheeten ugepasst ginn.

De Rapport deckt gravéierend Schwächten op:

  • De Contingent beschränkt sech ausschliisslech op personell Ressourcen. Aner wichteg Faktoren wéi Schoulgebaier an Ausstattung ginn ausgeklamert.
  • Säit 15 Joer huet d‘Schülerschaft sech massiv verännert: méi sozial Ongläichheet, méi elengerzéiend Stéit sou wéi ëmmer manner Kanner, déi däitsch oder lëtzebuergesch doheem schwätzen. D’Basisparameter, déi 2010 festgeluecht goufen, sinn net op déi méi heterogen Schülerschaft vun 2025 ugepasst a gräifen ze kuerz.
  • Mat der Aféierung vun der Alphabetiséierung op Franséisch wäerte méi Ressource gebraucht ginn.

Den OEJQS ënnersträicht iwwerdeems, dass d’Debatt ëm d’Miessung vu sozialen Ongläichheeten net vun der pertinenter an decisiver Fro oflenke soll, wéi ee schouleschen Ongläichheeten laangfristeg an ugemiessen entgéintwierke kann. Déi Äntwert läit net just an der Unzuel vu personellen a materielle Ressourcen, mee och an der Unterrechtsqualitéit a geziilter pedagogescher Fërderung.

Nichtsdestotrotz stellt den OEJQS fest: zousätzlech Enseignanten hunn ee positiven Effekt op d’Reduzéierung vu Bildungsongerechtegkeet. Dofir ass d‘Upassung vum Contingent kee Selbstzweck, mee en noutwendege Schratt hin zu méi gerecht Bildungschancë fir jiddereen.

Et ass elo um MENJE fir déi iwwerfälleg Upassung vum Contingent unzegoen!

Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL),

den 25. Abrëll 2025



[1] «Auch wenn die Methodik der Berechnung des Zusatzkontingents zum Zwecke der Ressourcenverteilung sich als konsistent und stabil erweist, so zeigt sich doch deutlich, dass die 2010 über das RGD eingeführte Basisparameter des Contingent-Mechanismus (...) auf eine deutlich andere und weniger heterogene Schüler/-innenpopulation ausgerichtet waren.» Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire. (2025). Contingent. Evaluierung und Perspektiven für mehr Chancengerechtigkeit im Enseignement fondamental. Luxembourg. Seite 43

[2] «Die zunehmende Heterogenität der Schülerschaft, insbesondere hinsichtlich des Haushaltseinkommens und der sprachlichen Vielfalt, machen zusätzliche Maßnahmen notwendig, um die Bildungschancen von Schülerinnen und Schülern zu verbessern. In diesem Zusammenhang wäre es sinnvoll, eine Erhöhung des Zusatzkontingentes in Erwägung zu ziehen.» Ibid, Seite 9