De PRS / PDS: Symbol vun der neoliberaler Schoulpolitik

Iwwerflächlech gekuckt sinn de PRS a säin Nofolger PDS nëmme weider iwwerflësseg Pëselstécker vun engem administrativem Waasserkapp an der Schoulpolitik, deen sech vu Woch zu Woch weider opbléist. Eigentlech just eng administrativ Kujenade, déi muss, oder och net, gemaach ginn, déi absolut näischt bréngt, awer enorm vill Energien an Zäit opfrësst. De PRS blouf meeschtens un e puer Enseignanten an der Schoul hänken, déi net nee soe konnten an déi meescht Schoulen hunn alt Projeten a Mesuren dra geschriwwen, déi se souwisou gemaach haten oder hätten. Déi meescht Enseignanten hunn zwar de Kapp gerëselt iwwert esou vill opgeblosene Formalismus, mee sech net weider concernéiert gespiert.
Mam PDS ass et schonns anescht. Et ass konzipéiert als Evaluatiounsinstrument an déi Responsabel hu visiblement bäi geléiert. Si ënnerhuelen all Efforte fir all Enseignant domadder ze ploen an den Drock op d’Enseignante wiisst.
Et kënnt een sech dran erginn a soen, datt et keen Instrument gëtt fir d’Efficacitéit vum Enseignant a senger Klass ze moossen an datt se eben elo op esou eng inefficace Aart a Weis probéieren d’Enseignanten ze kontrolléieren, just well d’CGFP esou eng Evaluatioun beim Staat gefrot oder acceptéiert huet.
Leider wier dat awer e bëssen naiv, well de PRS/PDS ass awer méi eng Gefor fir d’ëffentlech Schoul wéi een dat op den éischte Bléck kéint mengen.
Responsabilitéiten am Schoulsystem
D’Responsabilitéite fir d’Schoulqualitéit sinn opgedeelt. Den Enseignant am Klassesall, mat sengem pädagogeschem Knowhow, senger Erfahrung a sengem Engagement schafft mat de Kanner, geet op hir Besoinene an a mécht alles, datt d’Kanner festgeluechten Ziler erreechen an dat Wëssen a kënne kréien, datt si brauche fir d’Gesellschaft weider ze bréngen, hir Personalitéit ze entwéckelen an an der Aarbechtswelt hir Plaz fannen (an dëser Prioritéit !).
Et läit un der Politik fir d’Formatioun vun den Enseignanten ze definéieren, déi pädagogesch Richtlinnen, Ziler, Methoden a Programmer ze erschaffen, e Kader ze gi fir d’Enseignanten an optimale Konditiounen hir Aarbecht an de Klasse maachen ze loossen a virun allem fir déi néideg adequat Ressourcë bereet ze stellen.
An deene leschte Joren ass awer villes bei der Schoulpolitik schif gelaf : op déi pädagogesch Defien an eiser sproochlech a sozialer heterogener Gesellschaft huet d’ Schoulpolitik keng Äntwerte méi fonnt.
Den Aktivismus vum Här Meisch, deen am Wochentakt nei punktuell spektakulär Projeten der Ëffentlechkeet virstellt, ouni datt e koherent Konzept ze erkenne wier, an ouni, datt Mesure definéiert wiere wéi déi Konzepter an der Praxis kéinten ëmgesat ginn, huet just nach als Objektiv fir ze verstoppen, datt um Niveau vum Unterrechtsministär iwwert d’Schoulhale keen sech méi Gedanke mécht oder maache wëll. D’Schoulpolitik besteet nach just aus Strukturreformen, déi meeschtens just administrativ Aarbecht awer keng konkret Verbesserung an de Schoul engendréieren.
Kuerz gesot : D’Problemer an de Schoule ginn ëmmer méi grouss an d’Politik resuméiert sech dorobber fir d’Statistiken ze verbesseren.
PRS/PDS
Den Dialog tëschent den Enseignanten an dem Ministère ass dout. Nodeems de PRS elo schonns eng Rei Joren, zumindest op Pabeier an de Schoule soll ëmgesat ginn, wier et un der Zäit gewiescht eng reell Evaluatioun ze maachen. Dat ass net geschitt. D’Enseignante sinn net gerot ginn. Si sinn och virsiichteg par Rapport zu Questionnairen, mat Froen am Genre vun « Ech fannen de PRS sënnvoll « mat der Alternativ « Ech fannen de PRS nach net sënnvoll, ech brauch nach eng zousätzlech Formatioun «. Dat ass iwwerspëtzt ausgedréckt, mee entsprécht dem Charakter vun deene leschten Enquêten.
Den SEW/OGBL huet duerfir eng Enquête lancéiert mat einfache Froen. Mir waren eis bewosst, datt de PRS/PDS fir vill Enseignanten e wichtegt Thema ass. Trotzdem goufe mir méi wéi positiv iwwerrascht, dat mir 560 confirméiert Äntwerte kruten, obwuel d’Enquête net obligatoresch war an d’Informatiounen zum groussen Deel nëmme vun engem Enseignant zum anere weider gereecht goufen.
D’Resultater bestätegen d’Positioun vum SEW/OGBL. De PDS, a senger aktueller Form muss ofgeschaaft ginn. Den administrativen Opwand ass enorm an et kënnt net nëmmen näischt Positives fir d’Kanner eraus, mee den Impakt op d’Schoulklima an d’Motivatioun vun dem eenzelen Enseignanten ass immens negativ.
An et ass ze fäerten, datt de PDS, als rengt Evaluatiounsinstrument den Impakt nach verstäerke wäert.
Als positiv bewäerte mir och déi immens vill Kommentaren, déi mir kruten.
Dorënner ware vill konstruktiv a kritesch pertinent Analysen, déi mir Iech net wëlle virenthalen. Duerfir hu mir eng Rei (ënnert anonymiséierter Form) an dësem Journal publizéiert. All d’Kommentare kënnt dir op eisem Internetsite noliesen.
Et fält op, datt och d’Kolleginnen a Kollegen, déi Schoulentwécklung wichteg fannen, ganz kritesch vis-à-vis vun der aktueller Form vum PDS sinn. Déi meescht Enseignante wëllen sech allerdéngs kënnen op hir Aarbecht an der Klass konzentréieren.
Fir den SEW/OGBL ass d’Diskussioun net ofgeschloss. Är Meenung bestäerkt eis fir eis Fuerderungen nach weider mat Nodrock beim Här Meisch vir ze bréngen.
Merci fir är Mathëllef !
Patrick Arendt
President vum SEW/OGBL