Campagne Facebook du SEW/OGBL et de l’APESS depuis le mois de février 2021

17.02.2021


Campagne Facebook du SEW/OGBL et de l’APESS depuis le mois de février 2021



Message 1– L’autonomie scolaire


Bildschirmfoto_2021-02-25_um_084341.png«Zanter der Rentrée 2017/2018 mussen d’Schoulen am Kader vun der Schoulautonomie un engem eegene Schoulprofil schaffen a kënnen och nei Sektiounen an Klasse mat spezifesche Sproochregimer (z.B. anglophone, francophone, etc.) grënnen.

D’Schoulen trieden sou a Konkurrenz statt a Kooperatioun ënnerteneen, a vill Zäit geet verluer, fir sech vun anere Schoulen ze demarkéieren, amplaz zesummen am Intérêt vun alle Schüler ze schaffen.

Konkurrenz tëscht de Schoulen heescht och Konkurrenz tëscht de Schüler ëm di beschte Bildungschancen, wat zu engem Ofbau vu Chancëgläichheet féiert. Liberal Bildungsideologië wëllen eis Bildungslandschaft wéi e Marché nom Prinzip vun Offer an Demande, Konkurrenz a Kompetitivitéit reegelen a verbaue ville Schüler sou hier Zukunftschancen.

Statt Konkurrenz tëscht de Schoule fuerdere mir Kooperatioun tëscht de Schoulen an eng eenheetlech Schouloffer, déi fir all Schüler accessibel ass, egal ob hien am Norden oder Süde vum Land wunnt.»


Message 2– Public Private Partnerships

„Public Private Partnerships - also Kontrakter tëscht dem Staat an private Konzerner - stellen e weidert wichtegt Puzzelstéck hin zur Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul duer.

Virun allem am Kontext vun der Internationaliséierung vun der Schouloffer an der Digitaliséierung üben privat Konzerner ee groussen Afloss aus op di Aart a Weis, wéi an der ëffentlecher Schoul wat enseignéiert, gepréift a bewäert gëtt.

Zu Lëtzebuerg huet d’Zuel vun de Schoulen, di Hand an Hand mat Privatkonzerner zesummeschaffen, an deene leschte Joren zougeholl: Di franséischsproocheg Klassen am LTC, di engleschsproocheg Klassen am Athenée an am LGE schaffen mat Programmer an Examen vun IBO an di engleschsproocheg Klassen am Lycée/International School Michel Lucius mat Programmer an Examen vu Pearson an Cambridge Assessment. Bezuelt ginn des privat Konzerner fir hier Leeschtungen mat ëffentleche Gelder - de Staat gëtt d’Verantwortung fir säin Bildungsoptrag also ëmmer méi u privat Entreprisen weider.

Op laang Siicht wäerten di sozial Ongläichheeten esou zouhuelen - dat weist e Bléck op déi Länner, an deenen d’Privatiséierung vun der Bildung nach mi wäit fortgeschratt ass wéi hei zu Lëtzebuerg.»

Bildschirmfoto_2021-02-25_um_084411.png