Stage am Fondamental : endlech Neel mat Käpp maachen !

07.03.2019

Mat senger Interventioun um Radio vum 4. Mäerz huet den Här Meisch endlech eng Ouverture a punkto Stage duerchblécke gelooss.
Wat hien als grouss Avancen am Dialog feiert, war eigentlech onëmgänglech.
Op den Appell vum SEW/OGBL hin hate sech am Januar 250 Enseignanten-Stagiären a Studente versammelt, fir géint déi aktuell Form vum Stage ze protestéieren an Alternativen ze fuerderen.
An der Tëschenzäit rumouert et kräfteg um IFEN an eng Partie Formateuren hunn demissionéiert oder matgedeelt, dass se fir dat kommend Joer hir Tâche net verlängere wëllen. Domadder schéngt mol net méi garantéiert ze sinn, dass de Stage a senger aktueller Form iwwerhaapt dëst Joer zu Enn bruecht, an an Zukunft weidergefouert ka ginn.
Den SEW/OGBL huet vun Ufank u géint dës Ausriichtung vum Stage gewarnt, deen déi d’Stagiäre kujenéiert an demotivéiert, ouni eng Plus-value par Rapport zu hirer Ausbildung ze bidden.
Eng concertéiert Aktioun mam SEW/OGBL a senge Fuerderungen hätt deemools scho kënnen zu engem Stage féieren, dee formativ an ënnerstëtzend ass an an dem d'Ufanksbegleedung valoriséiert gëtt.
Dat virschnellt Ënnerschreiwe vun Accord tëschent SNE a MENJE huet leider all Verhandlungsbasis erstéckt. Sou hunn elo 4 Promotiounen dësen onnéidege Stage mat sengen diversen Adaptatioune missten erdroen. Souwuel dës Ännerunge während deem selwechte Joer, awer och d’Duerchféierung vun Examen oder Epreuvë sinn zum Deel mat veruechtender Respektlosegkeet ugaange ginn.
Den SEW/OBGL huet am permanenten Dialog mat de Stagiären a Studenten ëmmer erëm d’Gespréich mam Ministère gesicht fir déi ausgeschafften Alternative kënnen duerchzediskutéieren. Eng Reduktioun vum Stage op ee Joer muss nämlech zwéngend mat enger neier Formuléierung vun Inhalter an Ëmsetzung verbonne ginn, soss riskéiert eng reng zäitlech Kierzung op ee Joer, net awer eng inhaltlech, zu enger massiver Iwwerfuerderung ze féieren. Déi direkt Konsequenz dovunner ass eng weider Akzentuéierung vun der Penurie am Fondamental.
Den SEW/OGBL fuerdert den Här Minister op, den ugekënnegten Dialog elo endlech Eescht ze huelen an déi concernéiert Acteuren ze héiere fir dass dëse Stage zur Stëtz gëtt fir d’Beruffsufänger.
Matgedeelt vum SEW/OGBL de 7. Mäerz 2019
DSC_8862.JPG
DSC_8847.JPG
DSC_8837.JPG
DSC_8829.JPG
DSC_8804.JPG
DSC_8841.JPG
1439024593059.JPG
DSC03532.JPG
DSC03539.JPG
DSC03551.JPG
DSC03558.JPG
DSC_8760.JPG
DSC_8765.JPG
DSC_8773.JPG
DSC_8776.JPG
DSC_8799.JPG
DSC_8803.JPG
DSC_8804.JPG