D’Grondschoul an der Kris

D’Grondschoul an der Kris
D’Enquête vum SEW/OGBL, zesumme mat Landesverband an FGIL, ass op eng grouss Reaktivitéit an de Schoule gestouss. Méi wéi 700 Kolleginnen a Kollegen (743 fir genau ze sinn), diploméiert Enseignanten, Stagiairen, Chargés de Cours a Quereinsteiger, hunn sech déi Véierelsstonn Zäit geholl fir op eise Questionnaire ze äntweren.
An et sinn net nëmmen déi Froen, wou huet just missten e Choix ugeklickt ginn, beäntwert ginn, mee virun allem hu mir 370 (!) Din A4 Säite Commentairen, Kritiken a Suggestioune kritt. Dorausser ass en voluminéist Dokument mat den anonymiséierte Commentairen entstanen, dat net nëmmen d’Resultat vun insgesamt ville Stonne Reflexiounen ass, mee och duerch seng Authentizitéit an seng Emotionalitéit e kloert an dacks och ganz erschreckend Bild vun der Beruffspraxis vun den Enseignante vermëttelt.
Et ass e positiivt Zeechen, datt d’Enseignante vum Terrain bereet sinn hir Situatioun an den Zoustandvun der Schoul am Allgemengen ze reflektéieren, ze analyséieren an no Alternativen ze sichen.
D’Ekipp vum SEW/OGBL huet vill Stonnen domadder verbruecht, är Beiträg ze liesen an auszewäerten.
D’Resultater vun der Enquête, déi Dir an dësem Heft am Detail fannt, si méi wéi kloer: d’Grondschoul ass an enger déiwer Kris. Dobäi geet et dem SEW/OGBL net drëms fir Panik ze verbreeden, mee mir brauchen eng éierlech Analys vun der Situatioun fir den néidegen Debat unzestoussen an no valabele Léisungen, am Sënn vun der Zukunft vun de Kanner an dem Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft, ze sichen.
Aus dëser grousser Analys huet den SEW/OGBL Konklusioune gezunn an eng Rei Fuerderungen deklinéiert, wéi déi schlëmm Kris, an déi d’Politik d’ëffentlech Grondschoul mat hire strukturelleReformen an deene leschte Joer eragefouert huet, geléist ka ginn.
D’Problemer an der Schoul sinn natierlech och bedéngt duerch e gesellschaftleche Wandel. Déi neoliberal Politik duerchdréngt eis ganz Gesellschaft an huet negativ Auswierkungen op d’Erzéiung vun de Kanner.
Eng ähnlech Enquête an aneren Domainen, wéi zum Beispill am Gesondheetswiesen, kéim sécher zud eene selwechten oder esouguer nach schlëmmere Konklusiounen.
Dat ass awer keen Argument fir esou Zoustänn mussen ze akzeptéieren, respektiv d’Politik gewäerden ze loosse fir nach ze ënnerhuelen, all s schéin ze rieden a schlussendlech d’Situatioun nach ze verschäerfen.
Den SEW/OGBL ass sech natierlech bewosst, dass mir net kuerzfristeg d’Gesellschaft net verännert kréien. Trotzdem stellen mer fest, dass d’Enseignante krank ginn, well (!) se hiire Beruff net méi anstänneg ausféieren kennen. Et musse also séier eng Rei konkret Verännerungen an der Schoulpolitik virgeholl ginn*.
An dëser Spezialeditioun, un där d’ganz Equipe vum SEW/OGBL bedeelegt war, fannt dir eis Motivatioun an d’Objektiver vun der Enquête, eng länger Analyse vun de Resultater vun de Froen, e Fazit vun der Situatioun an de Schoulen an eng Rei konkret Fuerderungen, déi d’Politik esou séier wéi méiglech muss ëmsetzen.
Erlaabt mir besonnesch op de Beitrag iwer d’Visioun fir d’Schoul vun muar hinzeweisen, deen sech mat den Auswierkunge vun der aktueller Situatioun op d’Persoun vum Enseignant ausenaner setzt a besonnesch eng villäicht iwwerraschend Reaktioun op den Drock an de Stress, mat dem d’Enseignante konfrontéiert sinn, virschléit.
Et soll och nach eng Kéier op den Artikel vum Nadine Elcheroth «ech packe mäi Beruff net méi» higewise ginn, dee mir schonn am leschte Journal publizéiert haten an deen och an de sozialen Netzwierker eng riseg Resonanz fonnt hat.
Schlussendlech fannen mer zum Schluss e Beitrag vum Olivier Jentges, deen sech mat de méiglechen Auswierkunge vun enger Grondausbildung zum Enseignant ausenaner setzt, wann op daat Däitscht oder Franséischt ging verzicht ginn.
Et läit elo un eis, Enseignante vum Terrain, fir op d’Kris an der Grondschoul opmierksam ze maachen, fir d’Elteren ze sensibiliséieren, fir Drock op d’Politik ze maache fir an e richtegen Dialog ze kommen a fir fundamental Verännerungen ab d’Weeër ze leeën.
Dem SEW/OGBL geet et net ëm eng kuerzfristeg Bestandsopnam, mee ëm e laange Prozess den eis Schoul erëm op de richtege Wee féiert. Mir zielen op är Mobilisatioun.

Patrick Arendt
President vum SEW/OGBL
*D’Wuert Reform ass an der Tëschenzäit an der neoliberaler Sproocherhetorik Synonym vu Verschlechterung ginn an esou negativ konnotéiert, datt et sollt vermidde ginn