De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

27.07.2020

Lëtzebuerg, 27. Juli 2020

Gemeinsame Communiqué vun den Organisatiounen, déi dat edukativt a psycho-sozialt Personal aus dem Lëtzebuerger Schoulwiese vertrieden.

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!


Eis edukativ a psycho-sozial Aarbecht ass wäertvoll fir d’Kanner a fir déi Jugendlech a brauch endlech een entspriechenden am Sozialdialog ausgehandelten Aarbechtskader No den Notes vum MENJE zur « Envergure de la tâche du personnel éducatif et psycho-social intervenant auprès d'élèves à besoins spécifiques » vum 3. Juli 2020 an zur « Envergure de la tâche du personnel éducatif et psycho-social des SePAS et SSE » vum 10. Juli 2020 koum et, no der Interventioun vun de Gewerkschaften, vu Säite vum Ministère duerch déi nei Note « Compléments d'information - Envergure de la tâche du personnel éducatif et psycho-social » vum 21. Juli 2020 zu engem deelweisen Zeréckrudderen a Bezuch op déi éischtgenannten Note vum 3. Juli 2020, allerdéngs net a Bezuch op déi Note, déi d’SePAS’en an d’SSE’e concernéiert.

Mir, déi concernéiert Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen, bezéien heimat zesumme folgend Stellung zu der aktueller Situatioun:

  • Mir si schockéiert iwwert d‘Art a Weis, wéi de MENJE - ouni iergendeng Form vun deem esouguer gesetzlech virgesinnenen Dialog - einfach iwwert all d’Käpp ewech wichteg Entscheedungen zum Personal an zu deem senger Aarbecht probéiert ze fällen! De Minister probéiert säi ganzt edukatiivt a psycho-soziaalt Personal virun ee Fait accompli ze stellen, an dat ausgerechent den 13. Juli no enger Phase vun aussergewéinlechem Engagement vum ganze Personal während der Pandemie! Dat ass kee Respekt a kee Sozialdialog!
  • Mir ënnersträichen, datt déi festgehalen Aarbechtsbedingungen total laanscht d‘Ufuerderunge vum Terrain ginn, an net fir eng qualitativ Aarbecht am Sënn vun de concernéierte Kanner a Jugendlechen an eisem ganze Schoulwiese suergen!
  • Mir stellen déi haarsträubend Interpretatioune vum Aarbechtsgesetz duerch de MENJE, souwéi d’Rechtméissegkeet vun dësen Notes staark a Fro a behalen eis hir juristesch Préiwung vir!
  • Mir wëlle keng Zwouklassegesellschaft fir dat edukatiivt a psycho-soziaalt Personal am Enseignement; mir wëllen net, datt eis jonk Kolleegen a Kolleeginnen nach méi schlecht Aarbechtsbedingungen operluecht kréien ewéi déi Leit, déi aktuell schonn agestallt sinn!
  • Mir sinn net averstanen, datt d’Aarbechtskonditioune vu laangjärege Mataarbechter drastesch verschlechtert ginn, wann si hir Aarbechtsplaz innerhalb vun der Educatioun wiessele wëllen!
  • Mir sinn der Iwwerzeegung, datt d’Aarbechtskonditiounen eng qualitativ gutt Aarbecht bei alle Schüler a Schülerinnen erméigleche mussen an dëst ganz besonnesch bei den Élèves à besoins éducatifs spécifiques, esou wéi bei alle Schüler a Schülerinnen, déi eng psychosozial Ënnerstëtzung an/oder eng spezifesch schoulesch Begleedung brauchen! Mir brauchen Aarbechtskonditiounen, déi et eis erméiglechen, den Uspréch vum Bildungsoptrag, wéi en am Artikel 24 vun der UN-Behënnerterechtskonventioun fir Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoine virgesinn ass, gerecht ze ginn.
Dofir fuerdere mir de Minister Claude Meisch op

  •  déi 3 Notes integral zeréckzezéien an endlech ee Sozialdialog fir eng adequat Tâchendefinitioun a -beschreiwung unzefänken; bis dohinner sollen déi aktuell Aarbechtskonditioune gëllen;
  •  sech selwer deenen Diskussiounen am Kader vun engem Sozialdialog ze stellen, amplaz seng Chefs de service virzeschécken;
  •  säi Verspriechen anzehalen an ze legiferéieren, esou wéi hien dat a senger Äntwert vum 18. Mäerz 2019 op d’Question parlementaire N° 219 vum 17. Januar 2019 versprach huet;
  •  d’Aarbechtskonditioune vum Personnel EPS net ze verschlechteren, esou wéi hien et schrëftlech an enger Lettre ministérielle vum 3. August 2018 versprach huet;
  •  dem Personal keng Avenante méi virzeleeën, fir hir Aarbechtskonditiounen ze änneren an domat an der Reegel dann ze verschlechteren!

Amplaz d’Aarbechtskonditioune vum edukativen a psycho-soziale
Personal am Enseignement vun uewenerof ze bradéieren, soll de
Minister Claude Meisch säi Wuert halen an – endlech – mat alle
Sozialpartner schwätzen a legiferéieren!


MATGEDEELT VUN ALEE/CGFP, SLEG/CGFP, SPEBS/CGFP, APPSAS, APCCA/SEW/O
GBL