Enseignanten am Stage vum Fondamental: Bis zum bitteren Ende

26.03.2019

Ufanks Mäerz stoung fest, dass de Stage an senger jëtzeger Form géing adaptéiert ginn, am Resumé:

  • vun 3 op 2 Joer fir jiddereen,
  • fir d’Enseignanten kann eng Réduction de Stage ugefrot ginn fir op 1 Joer ze kommen,
  • d’Formatiounsstonnen ginn ëm d’Halschent gekierzt,
  • eenzeg certificativ Epreuve ass de Legislatiounsexamen,
  • d‘Formatiounen kennen am Pool vun den IFENsformatiounen ausgewielt ginn,
  • de Mémoire ass gestrach.

Wann een sech eens ass iwwer déi grouss Linnen, sou soll de Cadre législatif nach geschriwwen an fir September gestëmmt ginn.

Déi aktuell Promotiounen behalen awer hiert Recht op eng richteg Evaluatioun, op d’Ausformuléieren vum Mémoire an d’Ofhalen vun der Soutenance, op d’Prestéieren vun all Minutt vun hiren 108 Stonnen Formatioun – eng Transitiounsphase ass net virgesinn.

Vill vun eise jonke Kollegen am Stage goufen vum Remaniement um IFEN iwwerrascht, bei welchem eng Rei Coursen ewechgefall sinn. Wann Alternativen ugebueden goufen, sou kruten mer Folgendes reportéiert:

  • nei virgeschloen Datumer waren hei ans do scho mat aneren Formatiounen beluecht,
  • iergendwellech x-belibeg Formatiounen goufen proposéiert, déi näischt mam Parcours vum Stagiaire ze dinn hunn,
  • Formatiounen fir de Mémoire goufen op en Datum no der Soutenance gesat,
  • Inscriptiounen op eng Waardelëscht goufen gemaacht, awer ouni Garantie, dass een d’Formatioun wouerhuelen kënnt.
  • Formatiounen erstrecken sech bis an de Juni eran.

Dee leschte Punkt ass besonnesch interessant: bis de 15te Mee dierften d’Commissiounen vum IFEN iwer d’Réussite vum Stage vun de jonken Enseignanten statuéieren– zäitgläich mat der Publicatioun vun den Posten op der 1ster Lëscht – dobäi mussen awer nach obligatoresch Formatiounen am Juni beluecht ginn....  

An der Tëschenzäit kréien mer mat, dass eenzel jonk Enseignanten exonéréiert goufen, déi meescht mussen awer elo nach kucken, fir all hir Stonnen ënnerdaach ze kréien!

Den SEW/OGBL stoung wärend deene ganze Verhandlungen fir déi aktuell Form vum Stage ze reforméieren den Studenten an den Enseignanten am Stage zur Säit. Opgrond vun den Adaptatiounen fir d’nächst Joer fuerdert den SEW/OGBL vum Ministère, dass all d’Enseignanten am Stage déi restlech Stonnen Formatioun erlooss kréien!