Cogestioun

21.04.2021

Cogestioun



E puer Reflexiounen iwert d’Art a Weis wéi eng Schoul kann als Zesummenspill vun de Leit um Terrain funktionnéieren a wéi eng Iwerreglementéierung nëmmen kann zu Konflikten féieren.

Wien kënnt d’Problemer deenen d’Schüler beim Léieren begéingen? Zu alleréischt emol sie selwer, eventuell hir Elteren wann sie sech Zäit dofir huelen kënnen, an den Enseignant deen probéiert dem Schüler ze hëllefen sech neit Wëssen a Kënnen unzeeegnen.

Wat wëssen d’Direktiounen iwert déi konkret Arbecht um Terrain? Wou hun sie hiren Büro? An enger Schoul?

Wéi gut kënnen sie d’Kanner? Als Dossier an deem verschidden „objektiv“ Beschreiwungen festgeluecht sinn.

coco_25.gifOp wéi eng Art a Weis kënnen sie den Enseignaen um Terrain hëllefen, dass sie de Kanner kënnen besser hëllefen? Duerch generell Rotschléi, duerch Direktiven, heiansdo vläit durch eng minimal punktuell Hëllef vun enger zousätzlecher Persoun. Wéivill Zäit verbrengt den Enseignant um Computer fir eventuell un esou eng Hëllef ze kommen? Freet en sech net oft zuläscht op dat wat fir d’Kand derbäi eraus kënnt den Opwand wärt war an op en net besser gehat hätt seng wärtvoll Zäit direkt an d’Arbecht mam Kand z’investéieren?

An den läschten Joeren sinn vill nei Leit an der Schoul agestallt ginn. Sinn also elo d’Klasseneffektiver méi niddreg ginn, hun eis Schoulen méi Appuisposten fir Schüler mat Schwieregkeeten ze hëllefen? Oder setzen sie an der Direktiounen ? Oder ass et net esou, dass déi nei an de Schoulen sëtzen an e groußen Deel vun deenen méi Erfuerenen an der Direktioun? Mir wëllen dofir deenen individuellen Leit keen Virworf maachen. Wann de System esou opgestallt get, dass een all Intérêt huet sech an eng Direktioun ze mëllen dann dierf een de Leit keen Virworf maachen déi sech op déi Plazen mëllen. Et ass och net esou, dass sie net géifen schaffen. Sie erfannen all Dag nei Mesuren mat deenen sie „hir“ Enseignaen kënnen gängelen fir dass déi Mesuren, déi wäit vum Terrain ewech ausgeschafft goufen och ënnen ukommen.

D’Fro déi sech stellt ass: Ass dee System sënnvoll? Wat brengt en dem Kand wat Opmierksamkeet vun den Erwuessenen brauch an dat esouguer der Léierin hir Opmierksamkeet ëmmer méi muss mam Computer oder der Direktioun deelen.

Emdenken get schwiereg, well mir sinn an enger Logik déi éischter eng Flucht no vir favoriséiert. Kuken mer eng Kéier zréck:

Beim neien Schoulgesetz hun d’Enseigaen et färdeg bruecht déi Comitéen déi virdrun schon op villen Plazen gut funktionnéiert hun an d’Gesetz ze kréien an Direktiounen ofzeleenen. Mee déi Comitéen hun vill ze vill op déi reel Problemer higewiesen an no méi Moyeen fir hir Schoulen gefrot. Dat wor net am Sënn vun enger Politik déi ëmmer méi autoritär get a dorun interesséiert ass, dass hir Uerderen exekutéiert ginn an déi schwiereg Problemer net zevill zur Sprooch kommen. Doropshinn ass als éischt probéiert ginn d’Comitéen z’instrumentaliséieren: Et goufen vill Leit am Ministär an am Script agestallt fir d’Comitéen mat Aufgaben vun uewen ze beschäftegen. Do wou et fréier spontan Concertatiounen gouf fir konkret Problemerz e léisen, ass elo a ganzen Formalismus geschafen ginn: Rapporten vun all Réunioun, Sujéen déi vun uewen erof fixéiert ginn, plan de réussite scolaire, etc.

Leider goung dat awer nach alles net duer fir den Comiteen hir Autonomie ze huelen. Dunn ass et dunn an déi nächst Etapp gaangen an et goufen Direktiounen geschafen, déi sech möi einfach als eng direkt Courroie de transmission tescht Ministär an Terrain verstanen hun, well se jo speziell dofir geschaafen ginn sinn an och keng Chance kruten hir Arbecht selwer anescht ze déterminéieren.

Lo stellen mer awer fest, dass deen ageschloenen Wee d’Qualitéit vum Unterrecht an de Schoulen absolut net verbessert. Secher ginn et do och Ursaachen vun baussen: eis Gesellschaft mecht de Kanner et net einfach sech Wëssen a Kënnen opzebauen, hir Opmierksamkeet get vill zevill fir Konsumzwécker sollicitéiert an den direkten mënschlechen Kontakt mat den Erwuessenen geet ëmmer méi verluer, an dann kënnt och nach esou e Virus, deen all deenen Tendenzen nach eng drop setzt.

D’Fro ass just, wéi kënnen mer deenen Problemer begéinen? Andeems mer nach méi Leit an den Direktiounen astellen? Also Flucht no vir wéi et bis elo gemat gouf!

Oder andeems mer méi Leit an de Schoulen astellen an den Enseignaen d’Méiglechkeeten ginn méi Zäit fir de Kontakt mam Schüler ze hun. Och Zäit fir gemeinsam z’iwerléen wéi eng Schoul kann mat verschiddenen Problematiken emgoen an eréischt dann un eng Hierarchie erunzetrieden wann de Probleem wiirklech net mat de Kompetenzen um Terrain ze léisen ass.

Dat bedeit, dass déi ganz Burokratie déi am Moment jo just dozou do ass ze kontrolléieren op d’Direktiven vun uewen befollegt ginn, ofgeschaaft get. Do wou et dann nach wichteg ass e Rapport ze schreiwen sinn déi Fäll, wou d’Equippe um Terrain sech iwerfuedert fillt. Dat Ganzt bedeit natiirlech dass déi Equippen iwert déi néideg Moyeen verfügen fir op d’Besoien vun de Schüler anzegoen.