No Interventioun vum SEW/OGBL gëtt den Zougang an de Fondamental mat engem « alternative» Bachelor fir zäitlech limitéiert.

27.04.2018

No Interventioun vum SEW/OGBL gëtt den Zougang an de Fondamental mat engem « alternative» Bachelor fir  zäitlech limitéiert.

Duerch Interventioune bei de politesche Parteien, ass et dem SEW/OGBL awer nach gelongen, datt den Zougang zum Beruff vum Enseignant am Fondamental  mat engem Bachelor, « den a Relatioun steet mat de Fächer an der Schoul » a mat enger lächerlech kuerzer « Formation en cours d’emploi » eng Mesure transistoire bleift an an der Zäit limitéiert ass.

DenSEW/OGBL konnt dobäi zumindest erreechen, dass de Gesetzesprojet mam « alternativen » Bachelor, den der Chamber presentéiert gëtt, dës Méiglechkeet op 5 Joer reduzéiert, an dat obwuel den Accord deen de SNE mam Minister ausgehandelt dat onbegrenzt virgesinn, am Fall wann sech net genuch Kandidaten am Concours presentéiere mam « richtegen » Diplom vun de « Sciences de l’Education ».

DenSEW/OGBL war sech dobäi senger Verantwortung bewosst.  Opgrond vun der dramatescher Penurie, déi duerch d’Aféiere vun der aktueller Form vum Stage, baséierend op den Accord vum SNE mam Minister, musse Mesure ergraff ginn, déi et erlabe bei der nächster Rentrée och Leit ze rekrutéieren, déi net den Diplom hunn fir Léierin oder Schoulmeeschter ze ginn, soss besteet de Risiko, datt a ville Klasse keen do ass fir Schoul ze halen.

DenSEW/OGBL huet allerdéngs duerfir plädéiert fir d’Mesure vum « alternative » Bachelor op 2 Joer ze reduzéieren, mat enger seriéiser Formatioun en cours d’emploi op der Uni Lëtzebuerg. Et ass fir denSEW/OGBL absolut net sënnvoll, elo Jonker, déi sech fir de Beruff vum Enseignant interesséieren, d’Méiglechkeet ze bidden, en alternative » Studium ze absolvéieren. An dat well se vläicht mengen, datt dee Studium manner exigent ass oder well se eng Alternativ zum Schoulhale wëlle behalen. En « alternative » Studium kann den Ufuerderunge vum Schoulhalen net gerecht ginn. D’Qualitéit vum Unterrecht kann net méi garantéiert ginn.

Leider ass am Gesetzesprojet keng fundamental Reform vum Stage virgesinn. DenSEW/OGBL verlaangt nach ëmmer datt de Stage onofhängeg vu senger Dauer e begleedende Stage ouni Evaluatioun ass, wou de jonken Enseignant an enger éischter Phase ënnerstëtzt gëtt a vertrauensvoll mat sengen Tuteure kann zesummeschaffen.

Et bleift ze fäerten, datt déi Mesuren déi elo virgesi sinn, just duergi fir kuerzfristeg virun de Walen de Problem ze verstoppen, mee laangfristeg de Beruff vum Enseignant net méi attraktiv gëtt an de Problem vun der Penurie sech wäert weider verschäerfen.

DenSEW/OGBL setzt sech duerfir weider an, datt de Stage an dem Sënn reforméiert gëtt,

  • datt e begleedende Stage gëtt, deen ënnerstëtzt an de jonken Enseignant net nach zousätzlech belaascht ;
  • datt all iwwerflësseg a redundant Formatiounen am Stage, an dem Sënn, ofgeschaaft ginn ;
  • an datt, onofhängeg vun der Dauer vum Stage, déi net gerechtfäerdegt Kierzung vun de Gehälter réckgängeg gemaach gëtt.

DenSEW/OGBL setzt sech weider fir eise Beruff an a wäert och an Zukunft net zouloossen, datt e bradéiert gëtt.