Edu-Action - Mir brenne fir Bildung
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, léif Ënnerstëtzerinnen an Ënnerstëtzer vu Bildung,
den 23. Januar, am Kader vum internationalen Dag vun der Bildung, setze mir zesummen um 17:00 Auer een Zeeche virun der Chamber: Mir brenne fir Bildung. Fir eng Schoul déi gerecht ass. Fir eng Schoul ouni Gewalt a Mobbing. Fir eng inklusiv Schoul mat dene néidege Ressourcen. Fir eng staark ëffentlech Schoul an der all Kanner eng echt Chance hunn. Fir eng Schoul an der d’Enseignanten hirer Aarbecht mat vill Engagement an der néideger Ënnerstëtzung nogoe kënnen.
Kommt op eise Piquet. Bréngt är Kolleegen a Kolleeginne mat. Zesumme maache mir kloer: mir stinn a fir déi Verännerungen, déi eis Schoul sou néideg brauch. Mir brenne fir Bildung!
Sou stelle mir eis eng staark ëffentlech Schoul vir:
-Gouvernance a Stäerkung vum Enseignant
→ Et musse kloer Prozedure fir den Ëmgang mat Gewalt a Mobbing agefouert ginn, déi effektiv an transparent sinn. D’Wuelbefannen an de Schutz vun den Enseignantë stinn dobäi am Mëttelpunkt.
→ Mir brauchen eng onofhängeg Ulafstell un déi den Enseignant sech wende kann am Fall vu Konflikter mat der Direktioun.
→ De Schoulcomité, d’Coordinateuren an de Comité de la conférence du lycée brauche méi Déchargestonnen fir der ëmmer méi komplexer Situatioun an der Schoul gerecht ze ginn.
→ Den droit à la déconnexion muss garantéiert sinn.
→ Mir brauche staark Personaldelegatiounen an de Schoulen.
-Expertise a Professionalitéit vum Enseignant unerkennen
→ Et muss fir déi néideg Unerkennung vun der Professionalitéit vun den Enseignantë gesuergt ginn.
-Inklusioun:
→ Et brauch multiprofessionell Ënnerstëtzung direkt um Terrain.
→ Prozeduren an der Inklusioun mussen drastesch gekierzt ginn, fir de Schüler a Schülerinnen méi séier a geziilt ze hëllefen,
→ De Contingent muss ugepasst ginn. Et soll ee net méi mussen entscheeden tëscht héije Klasseneffektiver oder Appuismesuren.
-Dialogbereetschaft/ op den Terrain lauschteren
→ D’Suerge vun de Leit um Terrain mussen eescht geholl ginn.
→ Eise Leit um Terrain muss dat néidegt Vertrauen entgéint bruecht ginn
→ Mir kréien déi néideg Reformen nëmmen dann ëmgesat, wann mir d’Leit vum Terrain vun Ufank un mat an d’Boot huelen.