Enquête fir d’Enseignante aus der Grondschoul „Haut Enseignant sinn“: Et geet virun !

14.10.2019

No der Enquête am Laf vum leschte Schouljoer goufen d’Resultater analyséiert an d’Konklusiounen op engem Tour duerch d’Land virgestallt an diskutéiert.
Aktuell ginn déi verschidde politesch Parteie mat den Ausmoosse vun der Enquête saiséiert an et gi Pisten ugeschnidden, wéi d’Kris am Lëtzebuerger Bildungssystem ze bewältege wier.
Heirënner kuerz d’Datumer vun den Entrevuë vum SEW/OGBL mat de Parteien:
04.06.2019: CSV
03.07.2019: Déi Gréng
03.07.2019: Déi Lénk
08.10.2019: LSAP
17.10.2019: DP
De 15.07.2019 gouf et och eng Entrevue mam Unterrechtsminister, en méi detailléierte Rapport dovunner ass am nächste Journal ze fannen.

Entrevue mat der LSAP:
Eng Delegatioun vum SEW/OGBL huet en Dënschden 8ten Oktober déi Responsabel aus der Fraktioun vun der LSAP getraff.
Haaptuleies war d’Presentatioun vun der Enquête « Haut Enseignant sinn... A muer ?! », déi am leschte Schouljoer am Fondamental duerchgefouert gouf.
Nom Virstelle vun de Resultater an der Analys huet sech d’Diskussioun ëm potentiell Verbesserungsméiglechkeete souwéi konkret Piste gedréint. Parallel gouf déi aktuell Bildungspolitik an hir Auswierkungen op d’Schoul, d’Schüler an d’Enseignanten ugeschwat. Gefuerdert gouf, dass d’LSAP sech kloer zu enger Stäerkung vun der ëffentlecher Schoul positionéiert – dëst wier e kloert Zeeche fir Chancëgerechtegkeet a sozial Kohäsioun am Land.
De Responsabele vun der Fraktioun gouf en Exemplaire vum „Journal“ ausgehännegt mat alle Resultater vun der Enquête. Vun der politescher Partei gouf verséchert, dass d’Educatiounskommissioun vun der LSAP sech intern concertéiere géing a souwuel iwwer deen aktuelle Malaise am Enseignement, wéi och iwwer kommend Weichestellungen an der Bildungspolitik nodenke géing.