Stopp zur schläichender Privatisatiounan der Lëtzebuerger Bildungslandschaft

Den 3. Februar 2021 war d’Unhéierung vun der Petitioun 1717 «Stop à la privatisation de l’école publique au Luxembourg - Non au projet de loi 7662 du Ministre de l’Éducation Nationale, de la Jeunesse et de l’Enfance». Een Dag virun der Unhéierung huet de Minister de Projet 7662 definitivzeréckgezunn. Domadder schéngt fir déi meescht de Problem vun der Privatisatioun am Bildungssecteur vum Dësch. D’Schoulen an hir Enseignante kréie keng Privatmanager virun d’Nues gesat an den Direkter muss och weiderhin aus der Fonction publique kommen.
Ass domadder elo dat Schlëmmste verhënnert ginn? Sécherlech net. Mir musse zur schläichender Privatisatioun an der Lëtzebuerger Bildungslandschaft weider vigilant bleiwen. Well de Minister Meisch spillt gäre mat de Symboler an huet en Don, Villes schéinzeschreiwen. Sou z.B. wann hie seet, dass d’Schoul selbstverständlech ni wäert privatiséiert ginn, mais au contraire, dass si ënnert him nach ausgebaut ginn ass, an dat mat den ëffentlechen internationale Schoulen, déi ville Jonken erlaabt, net méi an déi deier privat international Schoulen brauchen ze goen. Sou z.B. wann hien annoncéiert, dass d‘Privatschoul „Ecole Grandjean“ geschwënn wäert vun der ëffentlecher Hand iwwerholl ginn.
Jo, de Minister Meisch huet Recht, et gëtt vir de Moment net wierklech privatiséiert. Mee lues a lues, an dat ass immens geféierlech, fannen d’Methoden vun der Privatwirtschaft trotzdem hir Entrée an de Schoule a riskéieren eise ganze Schoulsystem, a klenge Schrëtter, enorm ze changéieren.
- Do ass z.B. d‘Autonomie vun de Schoulen.
Dës Autonomie generéiert haaptsächlech e reegelrechte Konkurrenzkampf zweschen de Schoulen. Kompetitioun statt Kollaboratioun, dat ass de néien Hype. A terme wäert dëse Konkurrenzkampf op e reegelrechte Ranking vun de Schoulen erausgoen, mat alle negative Konsequenzen déi dat matsechbrengt vir eis Bildungslandschaft an de sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft.
- Do hu mer z.B. de „Public Private Partnership“
a Kontrakter, di de Staat mat internationale Bildungsmultien wéi Pearson a Cambridge Assessment ofschléisst. Des Kontrakter gi virun allem am Kader vun der Internationaliséierung vun der nationaler Schouloffer geschloss, an iwwert déi Kontrakter gi Programmer, Lizenzen an Ofschlossexamen inklusiv Korrektur bei dëse private Bildungskonzerner akaf. Privat Konzerner, a net di ëffentlech Hand, leen also hei fest, wat op wéi engem Niveau geléiert a gepréift soll ginn. Reegelméisseg huet den SEW des Situatioun ugeprangert. Jorelaang huet de Minister eis ignoréiert a gemaach, wéi wann dat net géif stëmmen. Eréischt Ufank Februar dëst Joer huet hie missen zouginn, dass mir Recht haten. An der International School Michel Lucius, déi Kontrakter mat Pearson ofgeschloss huet, sollen des Programmer lo auslafen. Wéi ëmmer ruddert de Minister Meisch eréischt dann zeréck, wann den Drock op hien ze grouss gëtt.
- Do ass z.B. déi ganz Doktrinn vum “New Public Management”
- Do hu mir z.B. déi ganz Astellungspolitik am Bildungssekteur.

- ∙ An do hu mir nach de Schüler selwer
Esouwäit dierfe mir et net komme loossen. Dofir bleift den SEW, zesumme mat der APESS, an dësem Dossier weider um Ball. Net méi spéit wéi de 19. Januar dest Joer hunn déi zwou Gewerkschaften eng gemeinsam Pressekonferenz zum Thema „Eng schläichent Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg“ gehat. Am Laf vun der weiderer Campagne wäerten SEW an APESS déi eenzel Aspekter vun dësem Phenomen ëmmer erëm thematiséieren, si wäerte mat de politesche Parteien a Kontakt trieden a konstant de Minister op d’Gefore vun senger Politik hiweisen.
Mir mussen dem Minister ze verstoe ginn, dass mir et eescht mengen an dass mir net eleng do stinn. Nëmme wann hie spiert, dass d’Oppositioun géint seng Projéen ze grouss gëtt, léist e lass dovunner. Et leit an eiser Hand. Mat ärer Hëllef.
Jules Barthel