Enquête zur Organisatioun vun der Reprise an der Grondschoul

25.05.2020

Enquête zur Organisatioun vun der Reprise an der Grondschoul



Den SEW huet den 8. Mee eng Enquête zur Organisatioun vun der Reprise an der Grondschoul bei den Enseignantë gestart.


1426972043552.jpgDen Uklang war enorm. Innerhalb vu 5 Deeg hu 456 Enseignantë sech Zäit geholl, eis hir Erfarungen, Iwwerleeungen, Bedenken, Suggestiounen an och Suerge matzedeelen.

Dat weist, dass Klärungsbedarf besteet an eis Enseignanten, och a Krisenzäiten sech abréngen, kontrovers a konstruktiv matdiskutéieren an eis ëffentlech Schoul no vir brénge wëllen.

Mir soen allen Enseignantë Merci fir hir Mobilisatioun an hiert Engagement.

De Comité vum SEW huet all Äntwerten duerchgelies an ausgewäert, fir sech ee konkret Bild vun der Situatioun um Terrain ze verschafen a konnt soumadder prezis Froen an Doléancen un den Educatiounsminister weiderleeden.

Een Haaptkritikpunkt kann ee gläich am Ufank eraushiewen: an zwar déi schlecht Kommunikatioun vum Educatiounsministère. Déi feelend Dialogbereetschaft war scho virun der sanitärer Kris problematesch, a gouf duerch dës nach verschäerft a méi siichtbar. Eng ganz Rei Enseignantë bemängelen dëse feelenden Dialog. Et gëtt begréisst, dass d’Enseignanten duerch eis Ëmfro eng Stëmm hunn an hir Doleance kënne virdroen.
„Ech fannen et ganz gutt, dass den SEW op dësem Wee d’Meenung vun de Leit vum Terrain freet, (...) Respekt fir ären Asaz!“

„Merci fir är Ëmfro, schéin sech eng Kéier ausschwätzen ze därfen.“
„Merci, dass der déi Ëmfro gemat hudd, fir de Bols bei den Enseignanten ze fillen.“

Kritiséiert gëtt virun allem, dass d’Enseignanten d’Informatiounen zäitgläich mam Rescht vun der Populatioun iwwert d’Medie kréien. Dëst gëtt als eklatante Mangel u Wäertschätzung erlieft. Ausserdeem sinn d’Aussoen aus dem Ministère zum Deel flou, oder carrement kontradiktoresch.
„Et ännert dauernd, ass net kloer a vill onbeäntwert Froen“- dës Ausso deckt sech mam Empfanne vun engem groussen Deel vun den Enseignanten, 
déi bei eiser Ëmfro matgemaaach hunn. „E Mangel un Transparenz“, ass och ëmmer erëm ze liesen.

„Net bis an den Détail duerchduecht“ ass een anere Virworf, deem de MENJE sech stelle muss. D’Enseignantë bedaueren, dass net méi mat de Leit
um Terrain diskutéiert gëtt, an och d’Direktiounen dacks net méi Informatiounen hunn oder eben nëmmen als Sproochrouer vum MENJE fungéieren.

Der Reprise selwer géigeniwwer war d’Majoritéit vun den Enseignanten, déi bei eiser Ëmfro matgemaach hunn, positiv agestallt. D’Kanner hunn ee Recht op Bildung, an de soziale Kontakt mat Kolleegen a Léierpersonal ass immens wichteg. Déi Allermeescht fannen déi Reprise deemno richteg a wichteg, ebe just net ënnert de gegebenen Ëmstänn. Et ass e grousse Wonsch, normal kënnen ze schaffen. “Ganz oder guer net”, ass hei d’Suggestioun vum Gros vun den Enseignanten.
„Ech sinn dofir, wann d‘Schoulen ërem sollen opgoen, dann als ganz Klass a mat dem Enseignant deen d‘Kanner soss ëmmer hun, an an hirem 
gewinnten Entourage!!!“

Deemno halen déi allermeescht Enseignantë guer näischt vum Splitting. Zemools et am non-formale Beräich oder beim Transport souwisou zu Vermëschunge kënnt.

Et ass och eng méi eng kleng Unzuel vun Enseignanten dofir, d’Rentrée (fir de Cycle 1 zumindest) no hannen ze verréckele respektiv d‘Schoulpflicht am Cycle 1 opzehiewen an nëmme Betreiung, respektiv “Appui” fir verschidde Kanner unzebidden. Et gëtt kritiséiert, dass villes nach onkloer,iwwert de Knéi gebrach, onsënneg an zumDeel einfach net ëmsetzbar ass.

D’Hygiènesmesuren, déi virgesi sinn, fanne vill Enseignanten onrealistesch, onduerchféierbar a grujeleg fir d’Kanner.

Grouss Suerge mécht och, dass d’Qualitéit vum Unterrecht net méi garantéiert ass. Cours d’accueil a Cours d‘Appui zum Beispill falen ewech, grad esou wéi aner wichteg personell Ressourcë fir Kanner mat besonnesche Besoinen. Dass dat alles ënnert erschwéierte Konditiounen an der Schoul, wéi den Horaire vun 8 bis 13 Auer,decaléierte Pausen, kee Sportunterrecht, Betreiung vu moies bis owes an engem Sall, stattfënnt, mécht et weder fir d’Schüler, nach fir d’Enseignantë méi einfach.

„Verschidde Kanner hunn Angscht, fir an d‘Schoul ze kommen, si fäerte Buffen a Masken, fäerten, well si dat Ganzt net verstinn. D`Kanner sollen erëm a 
soziale Kontakt trieden, mee u sech kréie si just d`Iddi vu sozialem Kontakt viru sech gestallt, duerfen awer net interagéieren. Si duerfen net mat
hirem Kolleeg spillen, si duerfen hien net mat der Hand huelen, si duerfen net mat der Joffer e Spill spillen,... Natierlech mussen d`Kanner erëm an
d`Schoul, natierlech musse si léieren, natierlech brauche si Kontakt, mee am Moment ass dëst mat wéineg Interaktioun, a méi mat Restriktioun verbonnen.“

„Ech fannen et eng Katastrof, datt mir Kanner, déi de ganzen Dag betreit musse ginn, 8 rsp 10 Stonnen op e Stull sëtzen mat enger Paus moies, enger
Frupsbox fir d‘Mëttespaus ouni Aktivitéiten a Beweegung mëttes.“

A Fro gestallt gëtt och, ob sou vill Opwand, bedriwwe fir 17 Schouldeeg, gerechtfäerdegt ass, zemools d’Leit um Terrain sech bei der Organisatioun eleng gelooss fillen. De Minister decidéiert, an d’Leit um Terrain exekutéieren – heiansdo mat de Gemengen, a verschidde Fäll awer och trotz hinnen. De professionellen Avis vun den Enseignanten ass net am Viraus gefrot ginn, e gëtt och net wouergeholl wann et ëm d’Ëmsetzbarkeet vun de Mesuren geet. Sou schreift een Enseignant, dass hien et ganz schlëmm fënnt, dass
„d‘Sichtweis vun den Enseignanten guer keng Roll spillt an d‘Fuerderungen vun der Gewerkschaft komplett ignoreiert gin.“

„Ech fannen, datt d‘Schoulpersonal hei eng Zopp muss ausläffelen, déi d‘Politik (an aner Acteuren) verursaacht huet. Mir setzen Stonnen zesummen an
diskutéieren wéi esou sënnlos Moossnamen ëmgesat kënne ginn, déi inkoherent sinn an déi ganz sécher net kannergerecht sinn.“

Eng Rei Enseignantë stounge wärend der ganzer Homeschooling-Phase ënnert enormem Drock. Si hunn a kierzester Zäit fir d’Schüler alles ëmorganiséiert, nei Kommunikatiounsweeër gesicht a probéiert, der perséinlecher Situatioun vun all eenzelnem Kand gerecht ze ginn. Dat huet vill Zäit en Energie kascht.

Do donierft nach d’Reprise am Mee z’organiséieren, mat Formulairen, déi fir nach méiConfusioun an Aarbecht gesuergt hunn, (mir erënneren hei un den ominéise Formstack-Formulaire, den un d’Eltere gaangen ass), huet vill Enseignanten un hir perséinlech Grenze bruecht.

Hei just e puer Zitater, déi däitlech maachen, wéi grouss d’Verzweiwlung um Terrain ass:
„Mir schaffen am Moment massiv, fir dass d‘Reprise kee Fiasko gëtt. Deen Effort soll unerkannt ginn.“

„Wat grad geschitt, léisst mech net roueg schlofen.“

„Ech hunn d’Flemm. Mir ginn net gelauschtert.“

„Et ass schwiereg fir Jiddereen, (...) mee mir leiden a packen den Drock net! Dat gefill alleng do ze stoen an alles mussen ze droen!
Eise perséinleche Paack, den Eltren vun eise Schüler hier Päck, ech als Coordinatrice dem cycle säi Paack... ech schaffe gär mee net esou!
ET ASS ZEVILL... „

„ech weess am Moment net méi wéi ech alles packe soll... Den Dag huet net genuch Stonnen“

„Et ass sëcher keen Enseignant do, dee sech laanscht d’Aarbecht dréckt. Mee all Dag bis déif an d’Nuecht zesumme schaffen, fir Léisungen
ze fannen (...) geet net méi laang gutt.“

„Mat dem Stressor hei ass d’Faass um Iwwerlafen.“

D’Grondschoul stécht scho méi laang an enger Kris. Mir verweisen heibäi op déi grouss Enquête um SEW/OGBL vum leschteJoer. Déi Tendenzen, déi schonn zu demMoment ganz kloer ze erkenne waren, hu sech elo nach emol duerch déi sanitär Kris bestätegt, respektiv verschäerft.

Mir Enseignanten hale gäre Schoul, mirEnseignantë wëllen anstänneg Schoulhalen, mir Enseignantë suergen eis ëm dat séilescht Wuel vun eise Schüler.

Mee mir wëllen net blannemännches ëmsetzen, wat vun uewen erof diktéiert gëtt.

Wann Enseignanten einfach nëmme sënnlos an zum Deel onkloer a kontradiktoreschMesuren „auf Biegen und Brechen“ ëmsetze mussen, ënnert groussem Zäitdrock, ounipedagogesche Méiwäert fir eis Kanner, widdersprécht dat hirem Berufsbild an hiren Iwwerzeegungen a mécht si krank.

Dass d’Reprise eenegermoosse funktionéiert ass exklusiv de Verdéngscht vun de villen Enseignanten, déi mat konstantemAsaz déi Saachen op d’Been gestallt hunn a lokal Schwieregkeeten a Problemer onbüreaukratesch léisen.

Mir Enseignantë wëlle Gehéier fannen, jo souguer explizitt gefrot a serieux geholl ginn. Als Experte vum Terrain, déi genau wëssen, wou de Schong dréckt, wëlle mir mat diskutéieren a mat gestalten.

De Minister verkënnegt zënter Joren en Dialog, seng Handlungen weisen a beweisen awer genau de Géigendeel. De Vertrauensverloscht, deen an dësen Zäiten nach eng Kéier verschäerft gouf, huet nohalteg Konsequenzen an der lëtzebuerger Bildungslandschaft.

Hei zum Ofschloss nach e puer kleng Denkustéiss vu KollegInnen:
„Bei mär ass hänken bliwen vum Minister „Gedold a MÄR maachen dat“ Jo stemmt... mär um Terrain maachen dat nees!“

„en Minister misst och mol den Enseignanten hier Arbecht valoriseieren an sou den Beruff vum Schoulmeeschter no baussen opwaerten“

„De System hei am Land (a net nemmen säit dem Corona) mecht dee motivéiersten Enseignant futti. Eng Récksprooch an Analys vun der Machbarkeet
mat de professionnellen vum Terrain iir een Décisiounen am Fernseh ukennegt as méi wi je néideg a wenschenswert.“