Elections Chambre des Fonctionnaires 2020

17.03.2020

Léiw Kolleeginnen a Kolleegen,
 
Mir sinn eis alleguerte bewosst, dass mir vir de Moment an enger ganz spezieller a schwiereger Situatioun sinn an zu dësem Zäitpunkt aner Prioritéite virun Aen hunn wéi d’Sozialwale fir « Chambre des fonctionnaires et employés publics ».
 
Mir hätten et als SEW/OGBL och virgezunn, wann eis Regierung des Walen no hanne verluecht hätt, wat deenen eenzele Gewerkschaften d’Méiglechkeet ginn hätt, e regulären a faire Walkampf ze féieren. Mee leider sollt dat net sinn.
 
Mir mussen eis awer eppes bewosst sinn. Trotz Krisenzäit sinn des Wale vu grousser Bedeitung an et ass eminent wichteg, dass den SEW/OGBL gestäerkt aus dëse Walen erausgeet. Schonn eleng vir d’Pluralitéit vun de Meenungen an der Fonction publique am allgemengen an awer och am Enseignement am Speziellen ze garantéieren, kann et net sinn, dass mir praktesch ëmmer erëm nëmme vun enger Gewerkschaft representéiert ginn.
 
Den SEW/OGBL huet an deene leschte Jore vill um Terrain geleescht, souwuel am Fondamental, wéi am Secondaire, souwuel bei de Fonctionnairë wéi och bei den Employé’en. A mir wëllen dësen Asaz um Terrain weider ausbauen, an ärem Sënn, am Sënn vun eise Schüler an am Sënn vun enger staarker, innovativer an egalitärer ëffentlecher Schoul.
 
Et wäert och e Liewen nom Coronavirus ginn an dofir ass et wichteg, dass dir iech massiv un de Sozialwale vir d’Fonction publique bedeelegt an dem SEW/OGBL déi Ënnerstëtzung accordéiert déi e brauch vir weiderhin eng bedeitend Roll an der Lëtzebuerger Bildungslandschaft ze spillen.
 
Mir soen iech elo schonns Merci fir är Ënnerstëtzung an äre groussen Engagement iwwert all déi leschte Joren.