Programme de Diversion Stratégique (PDS)

01.03.2019

Programme de Diversion Stratégique (PDS)
Etat des lieux et Analyse

Bei der Opstellung vum nei agefouerte „Planning pour Désorientés Spaciaux“ (PDS) hu sech d’Comitéen direkt e puer Mol intensiv mam parallel geschafenen a nominéierten I-DS zesummengesat, fir hir verschidde Vueën openeen ofzestëmmen.

Niewent mantra-ähnlechen Motivatiounsrieden am Jerry Maguire-Style („Help me help you“) an enger klorer Emrahmung vun de Responsabilitéiten („D’Schoul ass fir ALLES SELWER responsabel – den I-DS ass just do fir Iech bäizestoen“), ass d’Zesummenaarbecht a ville Fäll no Aktéieren vu manifesten Dissonanzen an oniwwerbréckbaren ideologeschen Divergenzen iwwer Contenu a Form vu Schoulentwécklung op ee fir béid Säiten konstruktiven Zesummenaarbechtsniveauzéro annihiléiert ginn.

Soumadder obläit dann dem Schoulcomité déi ganz Responsabilitéit iwwer Entstehung, Opstellung, Duerchféirung, Analyse souwéi Bilanzéirung an Reconductéirung vum „Papier Désespérément Subversif“( PDS). Selbstverständlech suivéiert de Comité à la lettre déi bis dato publizéiert Prozedur, et gët deemno gewëssenhaft planéiert, planiféiert, plénièréiert a schlussendlech zu 100%(!) adoptéiert.

Dorops an am Cader vun der Schoulorganisatioun ginn d’Elterevertrieder consultéiert an hinnen de “Parachute Doré pour Saltimbanques“ (PDS) virgestallt. Nodeems dës Entrevueën trei dem offiziellen Planning an deene meeschte Schoule schon stattfond haten (net sielen duerch stëllt Acquièsement an tacitem Approuvement expediéiert goufen), koum eng offiziell Mail iwwer d’Phase d’Approbation vun der „Publication Démesurément Superflue” (PDS) – mat neien Dokumenter, déi vun allen Säiten hu misse géigegezeechent ginn, mat neie Prozeduren, inherenten Délaisen, fuerwege Widgets, Explicatifen, Rectificatifen, Déclaratifen, Diminutifen an Pendantifen.

D’Schoulen hu geléiert: Nei a weiderféirend Elementer kënnen onerward an onugekënnegt zu all Moment dobäikommen an kënnen dann direkt vun hinnen agefuerdert ginn, eenzeg an eleng mam (net-avouéierten) Zil, den Dossier ze completéieren, ze verschéineren, ze beräicheren, ze fëllen. Den eigentlechen (initialen) Projet gët duerch dës Zort vu kosmeteschen Adaptatiounen weder verännert, nach ënnert iergendenger Form verbessert, geschweige dann fundamental besser. Net nëmmen, dass dës Elementer – wann iwwerhaapt – direkt an der Globalitéit vum Package vun der Mise-sur-le-Marché vun der „Parabole de la Durable Soumission“(PDS) de Schoulen hätte missten zur Verfügung stoen, villméi stellt sech – trotz redundantem véhémentem Négéieren vun offizieller Säit – och dëse New-„Plan D’Affabulations Suspectes“ (PDS) als Pabeierfabrikatiounsmaschinn eraus, an deem dat Plakativt absolute Virrang virum Inhalt huet.

Parallel gët repetitiv a mat irritéirender Redundanz drun appeléiert, bei der Elaboratioun vum „Périodique Démagogique Soûlant“ (PDS) nëmme net den I-DS ze vergiessen, dëse ka nämlech offensichtlech illettréierten oder zumindest schlecht alphabetiséierte Comitéen beim Ausfëllen hëllefen. A wat fir enger Form dës Ennerstetzung stattfannen dierft, bleiwt awer éischter rätselhaft, wier dach beim Upaken vum Bic, Heemele vun der Taste oder Diktéire vum Buchstaw mat inextricabler Konsequenz d’Responsabilitéit vum Helferlein engagéiert.

Den offizielle Message beseet, dass d’Schoule Projetë maache sollen, och gären ambitiéiser Aart, a sech fir hir Realisatioun déi Ënnerstetzung huelen sollen, déi se brauchen. Dëst hunn d’Schoulen eigentlech nach ëmmer – an nach ëmmer genau esou - gemaacht. Mee: Duerch d’“Phase de Désapprobation Spontanée” (PDS) kréien dës Projeten awer en identeschen Opbau, e strikt gereegelten Oflaf, eng SMART-formuléiert Zilsetzung, bref, en administrativen Corset, dee Vergläicher erméiglecht, best practices ervirhiewen an eng Mise en Réseau erzile kann. A schon op dëser Basis gouf 2009 de “Paragraphe Ridiculement Solitaire” (PRS) agefouert. Sollten initial Projeten op eng hyperkomplex

Manéier verschrëftlecht ginn, koum et zur Erhéigung vun der Akzeptanz (an de Bedeelegungsquoten) duerch eng flächendeckenden Promotioun vun enger Schoul-Charta. Mat der Emsetzung vun dëser éischter éphémèrer Aktioun konnte konzeptuel Mängel vum Instrument maskéiert ginn, a gläichzäiteg huet des Mossnahm et erméiglecht, eng gelongen Implementéirung ze dekretéiren.

Mëttlerweil awer erweist sech deen schouliwwergräifend, holistesch ugeduechten, als motivatiounsfördernd konzipéierten “Protagoniste Désemparé Soudainement” (PDS), deen d’Qualitéitsentwécklung eleng duerch Adhesioun zum Konzept an d’Prozessorientéierung als Wee vun der Schoulentwécklung uviséiert, als “Paramètre de Dispersion Sociale” (PDS).Wa sech nämlech op Grondschoulniveau Eenzelschoulen gemäß de “Besoinen” vun hirer Populatioun spezialiséiren, sech also noutgedrongen a verschidde Richtungen entwéckelen, muss et den Elteren och erméiglecht ginn, vun der Diversifikatioun vun däer nei geschafener Offer ze profitéieren. Deemno missten sie kënnen hiert Kand do aschreiwen, wou eng vermeintlech besser Unterrëchtsqualitéit ugebuede gët. Bei variablen Ausgangsbedingungen a parallel enger fluktuativer Definitioun vu lokal determinéierter Qualitéit, klëmmt d’Attraktivitéit vun eenzelnen besser situéierte Schoulen (op geographeschem, demographeschem, sozio-kulturellem an sozio-économeschem Plang) zulaaschten vun deenen aneren.

Eng Majoritéit vu Schoulen riskéiert duerch de “Programme de Développement Spatial” (PDS) an duerch resultéirend nomadesch Tendenze vun der Schülerschaft manner contingentgebonne Ressourcen zur Verfügung gestallt ze kréien. Soumat hypothekéiert grad dës Konsequenz d’Realisatioun vum “Pacte Dangereusement Sulfureux” (PDS) en vue vun enger positiver Entwécklung. Eltren, déi net iwwer Informatiounen, Mobilitéit, Zäit oder Finanzen verfügen, bleiwen un déi lokal Offer gebonnen. Schoulen, déi trotz laangwiereg erstalltem “Papier Désillusionnel Sans-gain” (PDS) dierfte kaum Chancen hunn, aner Schoulen mat wouméiglech besseren Ausgangsbedingungen an der Course zu enger gudder Renommée.

Engersäits reduzéiert de “Package Dysfonctionnel Séditieux“ (PDS) d’Vermëttlung vu kaum quantifiablen bildungshumanisteschen Ziler zugonschten vu méi visiblen a méi oder manner sënnvolle Kuerzzäiterfolleger, baséierend op schoulinterne Bestandsopnahmen, schoulinterne Qualitéitscritèren a schoulinterne Bilanzéirungen. Dës Approche induzéiert eng Ofkoppelung souwuel vun enger (aktuell net bekannten) national gülteger Definitioun vu Bildungsqualitéit als och vum Etabléieren vun unerkannten Critèren vu guddem Unterrëcht.

Anerersäits entzitt de Staat sech duerch dës Liberaliséierung senger Flicht, alle Schüler déi sälwecht Unterrëchtsqualitéit ze bidden, an dëst onofhängeg vu Wunnuert, Origine oder Milieu. Dës “Politique Directement Suboptimale” (PDS) soll ursprünglech d’Chancegläichheet erhéigen, de facto passéiert de genaue Géigendeel. Wann d’Moyenen fir “high-stakes testing” elo scho present sinn, besteht aktuell dach nach eng Retizenz fir dës Methode konsequent z’applizéiren. Méiglecherweis awer fuerderen d’Schoulen iergendwann selwer déi national Publikatioun vun de Resultater vun dësen Epreuven (aktuell ass dëst scho méiglech, nach awer ausschliesslech op individueller a fräiwelleger Basis), just fir sech vun anere Schoulen ofzegrenzen an déi egen Attraktivitéit en vue vum Recrutement vun enger bestëmmtener Zilpopulatioun ze förderen.

Aus dem initialen “Plan de Réussite Scolaire” (PRS) gouf no net-substantiellen Modifikatiounen de “Plan de Développement Scolaire” (PDS). Duerch dee gläichbleiwendem administrativem Opwand, deen der Schoul bei Erstellung an Handhabung obläit, awer och déi an der Tëschenzäit bemierkbar Konsequenzen fir d’Schoullandchaft, mutéiert dësen Outil mëttlerweil fir vill Enseignanten zum “Plan de Démotivation Subite” (PDS).

Olivier Jentges
Membre du comité fondamental