Wat leeft schif an eise Schoulen?

Wat leeft schif an eise Schoulen? Wat muss geännert ginn?
Et gëtt héich Zäit, dass d’Stëmm vun den Enseignantë sech erëm Gehéier verschaaft!
Dofir organiséiert den SEW/OGBL zwou Reunioune fir sech kënne mam Schoulpersonal auszetauschen.
Wéini? Mëttwochs den 28. Abrëll um 18 Auer
an Dënschdes de 4. Mee um 17 Auer
Wou? Festsall vum Casino syndical | 63 rue de Bonnevoie L-1260 Luxembourg
D'COVID-19 Pandemie wierkt wéi e Verstäerker vun deene ville Problemer mat deene mir Enseignantë scho virun der Kris ze dinn haten.
Mir si konfrontéiert mat
- pädagogeschem Stëllstand a Konzeptlosegkeet;
- Feele vu Ressource fir ënnerstëtzend Moossnamen;
- enger dramatescher Penurie, Problemer beim Rekrutement an engem Beruff, deen ëmmer méi onattraktiv gëtt;
- engem Mangel un Unerkennung virum Asaz vun den Enseignanten um Terrain.
D'Situatioun belaascht eis all an de Schoulen, net nëmmen d'Schüler an d'Elteren, mee och d'Enseignanten.
Mir Enseignantë sinn immens engagéiert. Nieft der schlechter Gestioun vun der Kris, kréie mir vun den Direktioune sënnlos zousätzlech Tâchen imposéiert. Mir ginn net respektéiert a valoriséiert, an ëmmer méi ënner Drock gesat.
Vill Efforte goufe vum Ministère an den Direktioune gemaach fir d'Stëmm vun den Enseignanten um Terrain ze ënnerdrécken.
D'Regionaldirektioune fonctionéieren an engem Paralleluniversum a beschäftege sech mat Missiounen, déi an dësen Zäiten absolut zweetrangeg an iwwerflësseg sinn. Si gi vun den Enseignanten net als Ënnerstëtzung gesinn, mee au contraire. A ville Regiounen herrscht ëmmer méi e Klima vun der Angscht.
An deem Kontext organiséiert den SEW/OGBL elo 2 Versammlungen am Casino Syndical zu Bouneweg fir e gemeinsamen Austausch.
Et gëtt héich Zäit, dass mir Enseignantë vum Terrain op Mëssstänn hiweisen a praxisorientéiert Léisunge fuerderen.
Natierlech leeft dat ënnert strengsten Hygiènesreegelen, Umeldungen a mat limitéierter Zuel vu Participanten (60 am grousse Festsall) of.
Fir e fräien Dialog ze garantéieren, bleiwen d'Lëschte vun de Participanten diskret an et ginn och keng Fotoe vun den Enseignanten am Sall publizéiert.
Komm mir weisen, dass et net duergeet fir Mesuren unzekënnegen, a setzen eis fir konkret a praxisorientéiert Léisungen an. |
Wann dir d'Sécherheetsmesure kënnt garantéieren, da si mir och gäre bereet fir eng zousätzlech Versammlung bei Iech ze maachen. Mellt Iech bei eis per Telefon oder per Email
Sécherheetsregelen |
#!form(inscription_reunion_fond):