Den SEW/OGBL fuerdert zousätzlecht Personal an d’Schoule wärend dem ganze Schouljoer an Hëllef fir all Kand!

Den SEW/OGBL seet nee zu der ugekënnegter Nohëllef an der Vakanz am Fondamental: Net sënnvoll fir Kanner a respektlos vis-à-vis vun den Enseignanten
Den SEW/OGBL fuerdert zousätzlecht Personal an d’Schoule wärend dem ganze Schouljoer an Hëllef fir all Kand!
Fënnef Deeg virun der Summervakanz huet den Educatiounsminister Nohëllefcoursë vum 31.08 bis den 11.09. am Fondamental ugekënnegt.
Dobäi solle pro Haaptfach véier nach virun der Vakanz ausgewielte Kanner pro Klass wärend enger Woch 2 Stonnen den Dag Nohëllef kréien.
Den SEW/OGBL leent dëst of an huet eng Alternative: eng laangfristeg sënnvoll Hëllef fir all Schüler wärend dem ganze Schouljoer, an dëst an der regulärer Schoulzäit.
An enger Videokonferenz mam Minister haten d’Gewerkschafte schonn am Virfeld dës Initiative vum Minister refuséiert zugonschte vun enger laangfristeger a pedagogesch wäertvoller Mesure, a Form vun enger Prise en charge duerch qualifizéiert Personal wärend der Schoulzäit an iwwer dat ganzt Schouljoer 20/21 gefuerdert.
Am Mäerz hat den Educatiounsminister schonn no 2 Deeg erkläert, dass den Homeschooling e volle Succès wier. Dunn awer huet de Minister sech mussen noutgedrongen dem SEW/OGBL senger Positioun ralliéieren: Bei der Reprise hunn d’Enseignantë festgestallt, dass, wéi gefaart, déi sozial Schéier am Confinement nach méi auserneegaangen ass a vill Schüler duerno grouss Lacunnen opgewisen hunn. Schonn zu deem Moment hat den SEW/OGBL Virschléi fir d’Erstelle vu konkreten Hëllefsmesüren ausformuléiert.
Awer eréischt an den allerleschte Schouldeeg vun engem äusserst komplizéierte Schouljoer, annoncéiert de Minister d’Organisatioun vun Nohëllefsstonnen, déi selbstverständlech erëm vun den Enseignantë musse geplangt a wa méiglech och duerchgefouert solle ginn. D’Ausso am gläichen Otemzuch, dass Enseignanten a Schüler an eng wuelverdéngte Vakanz goe sollen, wierkt da just nach wéi e schlechte Witz. Et beweist, wéi wäit de Ministère an der Tëschenzäit vun de Schoulen ewech ass a wéi realitéitsfriem seng Perceptioun vun de reelle Besoine vum Terrain ginn ass: Wäertschätzung a Respekt virun dem Enseignant senger Aarbecht gesinn definitiv anescht aus.
D’Enseignanten hunn elo e Recht op Vakanz. D’Enseignanten hunn elo e Recht op Déconnectioun.
No der Organisatioun vum Homeschooling, no der Betreiung à distance vun hire Schüler an hiren Elteren, no der Organisatioun vun der Reprise mat A a B-Gruppen, nom Zesummesetze vun de ganze Klassen ass elo Schluss. Vun den Enseignantë goufe ganz vill Iwwerstonne geleescht, si waren déi ganz Zäit iwwer disponibel a flexibel an hunn enormen Asaz gewisen an d’Virbereedung op dat kommend Schouljoer, ënnert den aktuellen Ëmstänn, ass net z‘ënnerschätzen.
D’Schoulcomitéen a virop d’Presidente ware bei allen Etappen un éischter Front, haten nach keng Zäit sech z‘erblosen, a mussen zu dësem Zäitpunkt nach d’Schoulorganisatioun fir déi kommend Rentrée ofschléissen. Dofir nach eemol: Et geet elo duer!
D’Organisatioun vu koherenten an effikassen Hëllefsmesüren ass eng ze wichteg Saach, an däerf net zu elektoralen Zwecker mëssbraucht ginn: Déi ugekënnegt zwou Wochen Nohëllef erweise sech jee no Fach an Alter vun de Schüler als leedeglech 6 bis 12 Stonne Rattrapage – an dat ausschliisslech fir vereenzelt Kanner, déi an zesummegewierfelte Gruppe mat Kanner aus bis zu 3 weidere Klassen hir Retarden opschaffe sollen – am C3 souguer a Gruppen, an deenen en plus nach d’Nohëllef am Franséischen an am Däitschen zesummen ofgehale gëtt.
Den SEW/OGBL akzeptéiert keng Alibi-Nohëllefsstonnen!
Laangfristeg Opfänkmesüre mussen AN der Schoulzäit a WÄREND dem ganze Schouljoer stattfannen. ALL Schüler huet ee Recht drop, déi schoulesch Retarden, déi duerch déi sanitär Kris entstane sinn, an der regulärer Unterrechtszäit mat dofir geschoultem Personal opzeschaffen.
Dofir ka ganz einfach zousätzlecht qualifizéiert Personal de Schoulen zur Verfügung gestallt ginn, duerch eng Reintegratioun vun all deene sougenannten Experten, déi wéi Satellitten ëm d‘Grondschoul kreesen, dacks ouni direkte Kontakt zum Schüler. Dëst Opstocke vum Personal geschitt dobäi ouni zousätzleche Käschten, well dës Leit schonn alleguerten um Ministère ugestallt sinn.
D‘Enseignantë géingen sech wënschen, dass de Minister endlech säi Wuert hält an hinnen tatsächlech nolauschtert. Doduerch kéint och endlech deen Zesummenhalt kommen, dee „Mir“, vun dem ëmmer Rieds geet. Dëse Paradigmewiessel wier méi wéi iwwerfälleg.
D’Enseignantë mellen sech elo of a sinn zeréck fir d’Rentrée .
De 15ten September starte MIR mat neiem Elan fir eis Schüler an eise Beruff!
Kommunizéiert vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) am OGBL
den 10. Juli 2020