e-Bichelchen

27.10.2022

Avis vum SEW/OGBL zur Aféierung vum e-Bichelchen

Mat der Aféierung vun der flächendeckender gratis Hausaufgabenhëllef, gouf gläichzäiteg d’e-Bichelchen, eng digital Applikatioun, déi als Kommunikatiounsmëttel tëscht Enseignanten, Elteren a Betreiungsstrukturen fungéiere soll, duerch d’Hannerdir mat erageschmuggelt. D’e-Bichelchen soll dat traditionellt Bichelchen ersetzen.

Dës Applikatioun huet keng reell Plus-value zum traditionelle Bichelchen a féiert alt nees zu enger Augmentatioun vun der Tâche vum Enseignant.

Et ass iwwerdeems eng kloer Attack op den Droit à la déconnexion, esouwuel vun den Elteren, de Betreier, de Schüler wéi och vun den Enseignanten. Heimat kann den Enseignant no der Schoul am Liveticker-Modus matverfollegen, wéi seng Schüler mat der Hausaufgab virukommen, Messagen kréien a mat de Schüler an den Elteren interagéieren. Domat maache mir d’Dire grouss op, fir eng permanent Disponibilitéit a Reaktivitéit vun alle Betraffenen anzefuerderen.

All Etapp gëtt penibel dokumentéiert a gespäichert. D’Elteren oder d’Betreier vum Kand ginn un, zu wéivill Prozent d’Hausaufgab gemaach ass. Iwwerdeems mussen d’Elteren d’Hausaufgab zousätzlech validéieren. D’e-Bichelchen gläicht domat ëmmer méi engem Iwwerwaachungsmëttel wéi engem Kommunikatiounsinstrument.

Dësen absolute Kontrollwahn soll all Acteur hellhöreg gi loossen. Schlussendlech gerode mir hei an eng Situatioun, wou Iwwerwaachung an all Richtunge stattfënnt, ouni dass sech dobäi eppes un der Qualitéit vun der Hausaufgab verännert. Kee Kand mécht seng Hausaufgabe besser, well eng Rëtsch Leit all Schrëtt minutiös an ee Programm androen. Au contraire, dëst ass reng Schikane a féiert dozou, dass een Zäit verléiert, déi dann net dem Kand zegutt kënnt. Et stellt sech déi berechtegt Fro, wiem déi Datesammelwut eppes brénge soll.

Wou Date gesammelt ginn, ass d’Gefor vun Iwwerwaachung a Friemsteierung grouss. Den SEW/OGBL krut confirméiert, dass am Moment just den Enseignant, de Schüler, seng Betreier a seng Elteren Zougang zum e-Bichelche kréien, mee dass dëst zu all Moment ausgeweit ka ginn, zum Beispill op d’Direktiounen. Honni soit qui mal y pense!

De Schüler selwer gëtt aus der Responsabilitéit geholl. Him bleift de wichtegen Apprentissage verwiert, sech ze organiséieren a Verantwortung ze iwwerhuelen, andeems hie seng Hausaufgabe selwer an dat traditionellt Bichelchen andréit an doheem noliese kann. Dëst ass bestëmmt net am Sënn vun enger Schoul, déi hir Schüler zu mündegen a responsabele Bierger erunzéie soll.

Den SEW/OGBL wiert sech géint eng obligatoresch Notzung vum e-Bichelchen. Mat dem Mantra, dass d’Digitaliséierung net opzehalen ass an ee mat der Zäit goe muss, gëtt hei een digitalen Outil agefouert, den an der Grondschoul keng Plus-value par rapport zu den diverse Risiken huet. Digitaliséierung huet hir Plaz do, wou se zu reelle Verbesserunge féiert. Si ass kee Selbstzweck. Op déi gutt Kommunikatioun mat de Betreiungsstrukturen an den Elteren kënnt et un, an déi huet bis elo och ouni e-Bichelchen funktionéiert.

Den SEW/OGBL denoncéiert, dass an enger Rei Direktiounen massiv Drock op Enseignanten gemaach gëtt, fir den neien Outil schonn direkt ze benotzen, obwuel dëst Joer keng Obligatioun dozou besteet.

Den SEW/OGBL encouragéiert d’Enseignanten dozou, weider hir Hausaufgaben esou ze notéieren wéi si dat am sënnvollste fannen an eng Zousazbelaaschtung duerch d’e-Bichelchen net ze akzeptéieren.

Comité fondamental vum SEW/OGBL, 26. Oktober 2022