Géint eng CCP-Ausbildung am Schnellverfahren an de Gesondheets- a Sozialberuffer

Géint eng CCP-Ausbildung am Schnellverfahren an de Gesondheets- a Sozialberuffer
Wat wëlle mer?
Mir brauche Leit an all de Beruffer, jo, si feelen hannen a vir. Si mir bereet, dat ëm all Präis ze forcéieren? Eigentlech ass déi Fro jo berechtegt oder? Elo soll haut, de 05.07.2023 als Menu du jour an der Chamber um Krautmaart de Projet de loi N° 8203 opgedëscht ginn, wou dann erëm verschidden nei CCP Formatiounen, ënner anerem déi vum Assistant d’accompagnement au quotidien, net mat 3 mee mat 2 Joer agefouert ginn. Wéi soll ee Kompetenzen an 2 Joer richteg fir e Beruff opbauen? Ass de Motto: “Weniger ist mehr” och wierklech de richtege Wee? Maache mer der Gesellschaft dobausse wierklech e Gefalen, wa mer sou séier wéi méiglech Léit ausbilden an de Maart iwwerschwemmen? Mir als AMELUX denken: Definitiv net!!! All Opbau vu Kompetenze brauch ebe seng Zäit, virun allem wann een am sozio-edukative Beräich täteg ass. Et ass net de richtege Wee fir grad bei dëse Formatiounen a virun allem beim CCP kierzen ze goen. Et sinn dës Jonk, déi méi Zäit brauchen, fir hir Matière opzeschaffen, an da soe mer hei, datt et an der Rei ass mat 2 Joer Ausbildung! DʼAMELUX ass do dogéint!!
No der CCP-Ausbildung huet een d'Méiglechkeet, eng DAP-Ausbildung ze maachen, fir sech an der Beruffswelt weiderzëentwéckelen. Mir stellen eis d’Fro, op se dann och am zweete Léierjoer ufänken, sou wéi dat am Moment nach de Fall ass. Wann haut den neie System gestëmmt gëtt, wier et sënnvoll, dass se dann am éischte Léierjoer ufänken, well se souvill Kompetenzen net kënnen an 2 Joer opbauen, déi se dagdeeglech brauchen.
Wann e Qualitéit wëll an der Beruffsausbildung hunn, geet et net, fir Zäit a Geld ze spueren op dem Bockel vun de Jonken. Roum ass och net an engem Dag gebaut ginn. D’Beruffsausbildung brauch qualifizéiert Leit, déi sécher an hirer Aarbecht schaffen, a bei dem uewe genannte Beruff ëmsou méi. Ëmmerhin schafft een hei mat Mënschen: Do ass eng gutt Ausbildung e Must!
Mir froen eis och, firwat net all d’Chamberen - z.B. d’Chambre des salariés oder d'Chambre des métiers - sech zu Wuert gemellt hunn? Kruten d’Chamberen net genuch Zäit? Gëtt hei erëm am Schnellverfahre gehandelt? Sollt een net villäicht d’Avisen ofwaarden an dann, wann all d’Partnere vum Terrain an eng Richtung zéien, handelen?
· Mir si géint bëlleg Aarbechtskraaft, net um Bockel vun de Jonken an der Beruffsausbildung!
· Mir si géint d’Erofsetze vun der Ausbildungsdauer!
· Mir si géint d’Erofsetze vun der Qualitéit!
· Mir si géint Ofwäertung vu praktesche Kompetenzen!
Matgedeelt vun der AMELUX, de 5. Juli 2023