Questionnaire fir d’Léierpersonal aus dem Fondamental Haut Enseignant sinn?! Resultater

RESULTATER
Haut Enseignant sinn?! A Muer?!
Villfach goufen a leschter Zäit Kritiken um momentane Schoulbetrib un den SEW/OGBL erugedroen. Mir huelen des Reflexiounen eescht a fir e geneet Bild ze kréien, dat och representativ soll sinn, hunn hate mir e Questionnaire ausgeschafft, deen Dir online ausgefëllt huet.
Mir si vu 5 bis 15 Minutten ausgaange fir de Questionnaire auszefëllen.
Vill vu iech sinn awer vill méi wäit gaangen an hunn sech zu den eenzele Sujete vill, fondéiert a nuancéiert Gedanke gemaach an déi och an de Commentairen a Suggestiounen ausformuléiert.
Leider ass et dobäi mol virkomm, datt de Browser sech nei gelueden huet an déi ganz Aarbecht verluer gaangen ass, dat deet eis Leed.
Den Echo op d’Enquête huet eis positiv iwwerrascht :
753 Kolleginnen a Kollegen, diploméiert Enseignanten, Enseignant-Stagiaire a Chargé de Cours hunn de Questionnaire gewëssenhaft a professionell ausgefëllt.
D’Enquête ass domadder fir de ganze Corps Enseignant representativ.
D’Commentairë fëllen 382 eng bedréckten DIN A4 Säiten. D’Equipe vum SEW/OGBL huet all Commentaire analyséiert a fir all Themeblock eng Synthees erausgeschafft.
D’Equipe vum SEW/OGBL seet all deenen, déi sech d’Méi gemaach hunn fir de Questionnaire auszefëllen, en décke Merci.
D’Enquête huet net den Usproch wëssenschaftlech korrekt ze sinn. Mir hunn drop verzicht fir komplex Korrelatiounen ze berechnen.
D’Resultater schwätze fir sech a brauchen an deene meeschte Fäll net weider kommentéiert ze ginn.
1. Wien huet matgemaach
2. Wuelbefannen am Beruff
2.1.Wéi fills du dech am Moment an dengem Beruff?
2.2. Wéi belaascht fills du dech am Moment an dengem Beruff?
2.3.Wei wäit bass Du aktuell an dengem Beruff zefridden?
2.4. Commentairen
2.5. Häls Du gäre Schoul?
2.6. Geifs Du de Beruff, ennert den aktuelle Konditiounen, nach eng Keier wielen?
2.7. Geifs Du, ennert den aktuelle Konditiounen, engem Jonke roden de Beruff vum Enseignant ze ergräifen?v
2.8 Hues Du schonns dru geduecht fir de Beruff ze wiesselen oder de Beruff opzeginn?
2.10. Hunn d’Aarbechtskonditiounen en Impakt op deng Gesondheet?
2.11. Huet den Impakt vum Beruff op deng Gesondheet sech an deene leschte Jore verännert?
2.12 Impakt vum Beruff op d’Gesondheet
2.13 Wat soll denger Meenung no d’Roll vum Enseignant an der Schoul sinn?
2.14 Wat huet sech zum Gudde geännert säits du Schoul hälls ?
2.15 Wat huet sech zum Schlechte geännert an där Zäit?
3. Respekt/ Ënnerstëtzung/Autoritéit
3.1.Bass Du der Meenung, datt de Beruff vum Enseignant an dengem Bekanntekrees respektéiert gëtt?
3.2. Bass Du der Meenung, datt de Beruff vum Enseignant vun de Medie respektéiert gëtt?
3.3. Bass Du der Meenung, datt de Beruff vum Enseignant vun der Politik respektéiert gëtt?
3.4. Bass Du der Meenung, datt de Beruff vum Enseignant vun der Gesellschaft respektéiert gëtt?
3.5. Medien, Politik a Gesellschaft
3.6. Fills Du dech vun denger Direktioun respektéiert?
3.7. Wéi wäit gëss Du respektéiert an der Kooperatioun mat de schoulexterne Spezialisten (IEBS, CI,…)?
3.8. Fills Du dech an denger pädagogescher Praxis vun de Kolleginnen a Kollegen an denger Schoul respektéiert?
3.9. Direktioun:Synthees vun de Commentairen:
3.10. Fills Du dech respektéiert vun den Elteren?
3.11 Elteren: Synthees vun de Commentairenv
3.12. Wéi schätz Du am Allgemengen de Respekt vun de Kanner virun den Enseignanten an?
3.13 Kanner: Synthees vun de Commentairen
3.14. Fills Du dech vun denger Direktioun ënnerstëtzt?
3.15 Direktioun:Synthees vun de Commentairen
3.16 Fills Du dech an denge pädagogeschen Demarche vun den Elteren ënnerstëtzt?
3.17 Elteren:Synthees vun de Commentairen
3.18. Fannen d’Enseignante mat hire Kritiken a Suggestioune genuch Gehéier bei de politesch Responsabele vum Unterrechtsministère?
3.19 Gehéier bei de politesche Responsabel:Synthees vun de Commentairen
3.20. Huet en Enseignant am Allgemengen Autoritéit vis-à-vis vun den Elteren
3.21 Autoritéit bei den Elteren:Synthees vun de Commentairen
3.22. Huet en Enseignant am Allgemengen Autoritéit bei de Kanner?
3.23. Autoritéit bei de Kanner:Synthees vun de Commentairen
4.Regionaldirektioun
4.1. Wéi bewäerts Du d’Aféiere vun de Regionaldirektiounen?
4.2. Wéi bewäerts Du de pädagogeschen Input vun der Direktioun?
.3. Fills Du dech am Fall vun engem Konflikt vun der Direktioun ënnerstëtzt?
4.4 Ass deng Direktioun fir Dech erreechbar?
4.5. Kriss Du am Fall vun enger Fro eng hëllefräich oder léisungsorientéiert Äntwert?
4.6 Regional Direktiounen
4.7. Wéi gesäis/erliefs Du déi nei Regionaldirektiounen?
5. De Stage
5.1. Wéi gesäis Du de Stage als Virbereedung op de Beruff?
5.2. Wéi ass denger Meenung no den Impakt vum Stage op d’Motivatioun vum Beruffsufänger?
5.3. Wéi gesäis Du den Aarbechtsopwand vum Stagiär?
1

2
2.1.
2.4. Commentairen
D’Commentaire kënnen a verschidde Kategorie klasséiert ginn: Enseignante fillen sech eleng gelooss
• Et gëtt ëmmer méi Kanner déi verhalensopfälleg sinn.
• Fir Kanner mat mat spezifesche Besoinen an de Klasse gëtt et kaum wierklech konkret Hëllefsmesüren. An deene rare Fäll wou Hëllefsmesüre kënnen en Place gesat ginn, dauert et vill ze laang bis se realiséiert ginn.
• Bei Decisiounen, déi an der Orientatioun oder am Fall vun Allongementer geholl musse ginn, villen sech Enseignanten eleng gelooss. D’Entscheedunge vum Enseignant riskéieren dann awer a Fro gestallt ze gi vun der Hierarchie(Direktioun, CI, I-ebs,..).
• Et feelt quasi iwwerall u Personal an de Schoulen, a verschiddene Gemengen och un Infrastrukturen.
• Direktive vun der Hierarchie si kontraproduktiv. • Bei Konflikter mat Eltere stellt sech d’Direktioun d’Office op d’Säite vun den Elteren.
Enseignante sinn an hirer aktueller Situatioun iwwerfuerdert, gestresst a midd
• D’Interventioun vu sougenannten externen Experte bréngt kaum konkret Hëllef, mee generéiert zousätzlech administrativ Aarbecht. Professionell Decisioune vun Enseignantë gi prinzipiell a Fro gestallt.
• Den Enseignant muss ëmmer méi Energie an Zäit a sengem Unterrecht opwende fir Kanner ze erzéien a hinne rudimentär Manéiere bäi ze bréngen.
• Enseignante fillen sech hëlleflos par Rapport zu aggressivem oder frechem Verhale vu Kanner oder géigeniwwer Disziplinslosegkeet vun den Elteren. Si hunn do keng Handhabung méi.
Déi nächst 4 Froen dierf ee roueg als déi wichtegst vun der ganzer Enquête consideréieren. De ganze Malaise vum Enseignement Fondamental spigelt sech an dëse Resultater.
Dës Aussoen si méi wéi däitlech. Just bei den iwwer 50 järeg fänken d’Wäerter u liicht erof ze goen, bleiwen awer nach ganz héich.
Et ass kloer, datt de Problem an der Schoul net un engem Manktem u Motivatioun fir Schoul ze hale vu Säite vun den Enseignante ze sichen ass.
Et ass dramatesch, datt d’Stagiären, déi just eréischt an de Beruff erakomm sinn, scho virum Enn vun hirem Stage quasi zur Halschent bedaueren dëse Beruff gewielt ze hunn.
Dee Feedback vun de Stagiairen un hir e bësse méi jonk KollegInnen a Frënn ass sécher mat eng grouss Ursaach firwat de Beruff ënnert de Jonken als net attraktiv ageschat gëtt, sech ëmmer manner Jonker fir de Studium aschreiwen an domadder ass et eng vun de groussen Ursaache vun der aktueller Penurie vun diploméierten Enseignanten.
Just an enger Direktioun hunn sech d’Enseignanten zu enger liichter Majoritéit positiv zur Ausso positionéiert, datt se de Beruff nach eng Kéier géife wielen.
De Fait, datt schonn déi jonk Enseignanten de Jonke géife vum Beruff ofroden, dréit sécher dozou bäi datt de Beruff bei de Jonken, déi vun der Première komme staark un Attraktivitéit verluer huet. Kee Wonner, datt d’Uni Lëtzebuerg et net fäerdeg bréngt genuch nei Studenten ze rekrutéieren. Dat ass ëmsou méi bedenklech, datt och d’Stagiairen, déi deene potentiellen neie Studenten altersméisseg ganz no sti vum Beruff ofrode géingen. Dëst ass e wichtegt Element vun der Penurie, déi sech an deenen nächste Joer nach dramatesch verschlëmmere wäert, wann d’Politik net reagéiert an urgent Mesuren hëlt fir de Beruff erëm attraktiv ze maachen.
Bei deene meeschten aktiven Enseignanten war de Beruff vun der Léierin oder dem Schoulmeeschter e Choix fir d’Liewen. Et gouf a gëtt fir déi grouss Majoritéit vun den Enseignant keng Alternativ. Ënner dëser Prämiss gekuckt sinn déi folgend Aussoen héchst bedenklech.
Scho bei Enseignantë mat knapps 10 Joer Beruffserfarung, huet eng Majoritéit iwwert e Beruffswiessel nogeduecht.
Et gëtt keng signifikativ geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder.
Méi wéi een Drëttel vun den Enseignanten, déi nach am Stage sinn,huet schonn iwwert e Beruffswiessel nogeduecht!
De Stage a besonnesch d’Aart a Weis wéi den IFEN et fäerdeg bréngt d’Beruffsufänger ze decouragéieren ass bedenklech. Do ass dréngendst en Ëmdenke néideg. Eng Kierzung vum Stage geet net duer. Den IFEN muss evaluéiert ginn an déi néideg Konsequenzen direkt gezu ginn.
Just an enger eenzeger Direktioun huet eng Majoritéit vun den Enseignanten uginn, datt se net iwwert e Beruffswiessel nogeduecht hunn.
