Pressekonferenz SEW/OGBL vum 11. September 2020

Pressekonferenz SEW/OGBL vum 11. September 2020

Enseignement Secondaire
Ech géif kuerz op d’Mesuren agoen, déi de Minister Meisch vir d’Rentrée decidéiert huet. Generell kann ee soen, dass mir zu dësem Zäitpunkt mat engem groussen Deel vun de Rentréesmesuren vum Minister
averstane sinn.
- Mir fannen et gutt, dass hien zu dësem Zäitpunkt probéiert, e normale Schoulooflaaf ze garantéieren, soulaang di sanitär Konditiounen et jiddefalls erlaben.
- Mir sinn zefridden, dass mer net direkt e Schouljoer mussen ufänke mat enger Onmass vu Restriktiounen, Restriktiounen déi onweigerlech déi sozial Ongerechtegkeeten an der Schoul weider vergréissere géifen. Déi leschteMéint hunn definitiv net dozou bäigedroen, den Decrochage scolaire an de Greff ze kréien, tout au contraire. Hei musse mir ganz gutt oppassen, ob déi Mesuren, déi de Minister Meisch vir de Secondaire proposéiert huet – ënnert anerem eng Erhéijung vun den Appui- a Rattrapagestonnen em ronn 20% - op déi dee néidege positiven Effet op d’Schüler wäerten hunn fir hir Retarer aus dem leschte Joer korrekt opzeschaffen.
Mir brauchen e normale Schoulbetrib. Dat ass liewenswichteg vir d’Entwécklung vun eise Kanner a Jugendlecher. Mir dierfen zu dësem Zäitpunkt op kee Fall an eng Virushysterie verfalen an direkt alles “au Ralenti” organiséieren. An hei, menge mir, ginn déi allgemeng Decisioune vum Minister Meisch vir de Moment an déi richteg Richtung.
E puer Remarken awer och zu eenzele Punkten.
- A Saache Maskepflicht gëtt de Ministerde Lycée’en jo d’Méiglechkeet méi wäit ze goen, wéi dat wat d’Santé a säi Ministère virschloen. Mir stinn där Idee netnegativ entgéint, mee mir verlaangenawer, dass esou eng Decisioun net vun uewen erof vun enger Lycéesdirektioun decidéiert gëtt, mee nëmmen am Dialog zweschen Direktioun, Enseignanten, Schüler an Elteren. Mir wieren eis dogéint, dass z.B. Enseignanten, awer och Schüler, forcéiert ginn, eng Mask an der Klass ze droen, soulaang dat weder vun der Santé nach vum Unterrechtsministère, nach vun der ganzer Schoulkommunautéit vun engem Lycée esou verlaangt gëtt.
- Dann hu mer d’Informatiounspolitik vum Unterrechtsministère. Déi wäerteng ganz wichteg Roll spillen. Och do verlaange mir eng kloer Verbesserung par rapport zum leschte Schouljoer, wou d’Schoulkommunautéit, Direktiouninclus, zum Deel komplett am Donkele gelooss ginn ass an a ville Situatiounen net informéiert war, respektiv net kloer gesot krut, wéi déi eenzel Acteure missten oder sollte reagéieren en fonctioun vun enger bestëmmter Situatioun.
- Eng kuerz Remark och zur Beruffsausbildung.Wéi sou oft gëtt d’Beruffsausbildungoch wärend der COVID-Kriserelativ wéineg thematiséiert. Mee ochhei muss gutt opgepasst ginn, dasseng ganz Réi Schüler do net an d’Hannertreffegeroden, besonnesch déi, vir déi dëst Joer den Apprentissage ufänktan déi elo am gaange sinn, eng Léierplazze sichen, an dat an enger Period, wouvill Betriber mat Schwieregkeeten zekämpfen hunn a vir si den Apprentissagewarscheinlech aktuell net déi éischte Prioritéit ass, och wann de Ministère déi finanziell Ënnerstëtzung vir d’Ausbildung an de Betriber ugehuewen huet. Des Schüler mussen onbedéngt ënnerstëtzt ginn an de Ministère muss all deene Schüler, déi keng Léierplaz an der Privatwirtschaft fannen, eng Alternativ ubidde kënnen. Des Schüler dierfen net am Reen stoe gelooss ginn.
- Wat d’Propositioun vum Minister ugeet, dass e Lycée selwer kann decidéieren,grouss Klassen am irwechten Zyklus opzesplécken, sou dass en Deel vun derKlass an der Schoul ass an en aneren Deel d’Coure vun doheem aus suivéiertsi mir ganz skeptesch. Mir mengen,dass de Minister et sech do e bëssen einfach gemaach huet vir dem Problem vun de Klasse mat héijen Effektiveraus dem Wee ze goen. Wat op enger Ministeschpressekonferenz villäicht als eng flott Idee verkaf ka ginn, ass an der Realitéit, um Terrain, nëmme ganz schwéier bis guer net ëmzesetzen.
- Wéi soll esou en Opsplécken an der Praxis funktionéieren?
- Wéi eng Schüler kommen an d’Schoul a wéi eng bleiwen doheem?
- Ween hëlt esou eng Decisioun a no wéi engen objektive Krittären?
- Wéi kann en aktiivt Matschaffe vun deene Schüler, déi doheem bleiwen, garantéiert ginn ouni dass si benodeelegt ginn par rapport zu deene Schüler am Klassesall?
- Wéi funktionéiere Couren wéi de Sportunterrecht, d’Travaux pratiques and’Ateliere vir déi Schüler déi doheem bleiwen?
- Etc, etc.
Do gëtt et eng ganz Réi Froen, déi nach netgekläert sinn! Héi hätt de Minister besser gehat, ze decidéieren, d’Klasseneffektiver vun engem Maximum vun 29 op 24 oder souguer 20 Schüler erofzesetzen. Dat ass eppes wat d’Gewerkschafte schonns laang verlaangen, eleng schonn aus pedagogesche Grënn. Mee souguer wann de Minister dat wéilt, kéint hien net op dee Wee goen. Ech zitéieren hien hei an eiser leschter Versammlung virun der grousser Vakanz, wou den SEW him proposéiert huet, Klasseneffektiver vir d’Rentrée generell ze reduzéieren. Hien huet du geäntwert, dass hien eis gären d’Suen vir sou eng Initiativ géif zur Verfügung stellen, awer nëmmen, wa mir him d’Personal géifen erbäibréngen.
Well dat néidegt Personal, dat fënnt e net. An dat ass aktuell ee vun de grousse Problemer am Lëtzebuerger Bildungssystem, e Problem, deen sech, wa näischt passéiert, an de nächste Jore weider dramatesch wäert verschlechteren. Mir hunn ëmmer méi Schüler, mir hunn ëmmer méi Schoulen mat ëmmer méi verschiddene Bildungswee’er. Dofir brauche mir ausgebilte Pedagogen. Déi feelen awer op allen Ecken an Ennen.
Fänke mer un mat de sougenannte STIMDisziplinnen. Dat sinn all déi Disziplinnen aus de Beräicher Science, Technologie, Ingenierie a Mathematik. Dat si Beräicher, déi de Minister Meisch, sech baséierend op der Rifkin-Etüd, onbedéngt wëllt fërderen. Wann een awer wëllt Formatiounen ubidden, da brauch een och Formateuren. Dat schéngt evident, de Minister Meisch huet dat awer anscheinend nach net esou richteg verstanen.
Hei just e puer Zuele vir de Beräich Informatik:
- An de leschte Joren sinn do iwwer40 Posten ausgeschriwwe ginn, awernëmmen eng knapp 15 Léit hunn sechdem Concours gestallt a manner wéi 10si schlussendlech an de Stage komm.Dat si mol keng 25%.
- Vir d’Joer 2017/18 z.B. waren d’Zuelefolgend: Vir 20 ausgeschriwwene Postenhunn sech 8 Persounen zum Concours gemellt, 3 vun hinnen hu schlussendlechum Concours deelgeholl an 1 Persounass letzten Enns an de Stage opgeholl ginn. Eng eenzeg Persoun. Dat si genau 5%.
- Och 2019/20 waren eng 20 Platzenausgeschriwwen, woubäi d’lescht Joer 2 Persoune schlussendlech an de Stage komm sinn. Dovunner war awer ewellee virdrun als Chargé engagéiert, sou dass och d’lescht Joer schlussendlech just eng néi Persoun an der Informatik derbäi komm ass. An dann hu mer nach net mat a Betruecht gezunn, dass am gläichen Zäitraum jo och nach eng Réi Léit an d’Pensioun gaange sinn.
Wann de Staat all déi Posten ausgeschriwwenhuet, da jo warscheinlech wellse déi Léit brauch. Déi sinn awer definitivnet do, an da kënnt der iech jo virstellen,wéi d’Situatioun a ville Lycée’en ausgesäit.Déi aktuell agestallten Informatiker hu massiv Iwwerstonnen ze prestéieren an all déi aner Stonnen, déi en suspens bleiwen, gi vun Enseignante gehale, déi entweder keng direkt Spezialisten an der Matière sinn oder awer vun Chargée’en oder sougenannten Experts externes déi direkt vun den Direktiounen agestallt gi sinn. Mir sinniw werzeegt, dass all des Léit hir Aarbecht beschtméiglech maachen, mee d’Fro stelltsec h trotzdeem, ob esou eng Personalsituatioun de Grondsteen kann duerstellen vir qualitativ héichwäerteg Formatiounen, wéi mir se jo awer als ëffentlech Schoul wëllen ubidden.
An de Problem besteet net nëmmen ande STIM-Branche mee zitt sech queesch duerch de ganze Bildungssystem. QualifizéiertP ersonal ass awer den A an den O vun engem gutt funktionéierende Schoulsystem. Leider gesäit et absolut net duernoaus, wéi wann den Unterrechtsministèredë se Problem a noer Zukunft kéint an de Grëff kréien.
E leschte Beispill an dësem Kader. Am Juni 2019 huet den SEW dem Minister e Bréif geschriwwen, wou mir hien drop higewisen hunn, dass et gréisser Problemer gëtt um Niveau vun dem Rekrutement vun de Maîtres d’enseignement technique an der Beruffsausbildung. De Manktem u Personal an dësem Beräich bréngt matsech, dass vill vun de Kolleegen och hei massiv Iwwerstonne musse prestéieren, dass awer och doduercher immens vill Optiounen am cycle inférieur vum Enseignement général net méi kënne gehale ginn an deementspriechend vill jonk Schüler zum Deel guer keen Zougang méikréien zu Handwierksschnuppercouren. Wéi soll do nach d’Handwierk vir Jugendlecher schmackhaft an attraktiv gemaach gin, wann se net emol méi d’Méiglechkeetkréien, am Ennergrad en Handwierk iwwert eng Optioun kënnen ze léieren?
Dëse Bréif ass, wéi gesot, datéiert op de 17 Juni 2019 a mir hu bis haut nach keng Äntwert dorobber kritt. Dat zum Dialogverständniss vum Minister Meisch.
Dee Bréif ass dann och nëmmen e vunenger ganzer Réi Bréiwer, déi mir iwwertdéi leschten 2 Schouljoren un de MinisterMeisch adresséiert hunn a wou mir ëmmernach op eng Äntwert waarden. An dat huetsech säit leschtem Mäerz an der COVIDKrisedefinitiv net verbessert. Op kee vun eise Communiqué’en huet de Ministerreagéiert, net emol op deen, wou 5 Gewerkschaftenan 2 Schüler- a Studentenorganisatiounen e gemeinsame Communiquégemaach hunn. An et si jo net nëmmend’Gewerkschaften déi sech iwwert dem Minister seng Dialogkultur opreegen. Och d’Elterevereenegungen, Lyceesdirekteren an aner Organisatiounen hunn sech schonn ëfters iwwert dem Minister seng Dialogbereetschaft beklot.
Vun Dialog kann un sech keng Ried sinn. Mir dialogéiere net, mee mir gi beschtefallsinforméiert a virun de Fait accompli gesat.De Schema ass säit der COVID-Krise ëmmerdee nämmlechten. Mir kréien 2 bis 3 Deeg am Viraus – oft just virum Weekend – e Mailaus dem Ministère, wou mir informéiert ginn,dass de Minister gäre mat eis schwätzt.Detailer kréie mer keng kommunikéiert,soudass mir eis net richteg preparéierekënnen, an Zäit vir eng Comitésversammlungze organiséieren ass och net ginn.Zousätzlech dozou si just nach d’Präsidentevun de Gewerkschaften op des Versammlungenagelueden an déi Versammlungesinn och oft ugesat kuerz ier de Ministerseng Pressekonferenz hält, sou dass etde Gewerkschafte praktesch onméiglechgemaach gëtt, nach am Virfeld zu dësePressekonferenzen mat eegene Proposenze reagéieren. Finalement ass et just de Gewerkschaftspresident deen, à chaud ander Versammlung selwer, dem Minister seng perséinlech Iwwerleeunge ka virbréngen.
Mir verlaangen dofir, dass mir an Zukunft zuengem méi fréien Zäitpunkt aktiv an Diskussiounemat agebonne ginn, sou dass mir och d’Méiglechkeet kréien, eis eegen alternativ Proposë mat an Diskussioun ze bréngen.
Och verlaange mir, dass de Minister anengem raisonnabelen Délais op eis Uleiesmuss reagéieren. Wéi gesot, déi leschtenzwee Joer hu mir generell net mol méi en Avis de réception kritt, wann offiziellBréiwer un de Minister adresséiert gi sinn. Nach eng leschte Remark zum Dialogverständnissvum Ministère vis-à-vis vun derGewerkschaft. Mir hu säit 2015 en Accordmam Ministère, dass mir als GewerkschaftFormatiounen, Konferenzen, Ronndëschgespréicheriwwert den IFEN kënnenorganiséieren an dass déi als Weiderbildungunerkannt ginn am Kader vun der obligatorescherWeiderbildung vir Enseignanten,ënnert der Konditioun, dass et sech emen Thema handelt, deen all d’Enseignantekonzernéiert. Mir hunn an deene leschteMéint zwou där Demanden bei der IFENgestallt a mir kruten se zwee mol net accordéiert,obwuel mir, vun den Themen hird’Konditiounen vum Accord, eiser Meenungno, kloer erfëllt hunn. Déi eng Formatiounhandelt em d’Aarbechtskonditiounen vunden Enseignanten a bei der zweeter geet et em den Asatz vun den digitale Medien ander Schoul. Och dat heiten ass vir eis e klore Manktem un Dialog- an awer och Demokratieverständnisvu Säite vum Minister, deen eis hei den Zougang zu den IFEN-Formatiounerefuséiert, just well si dovunner ausginn, dass mir villäicht net zu 100 % op dem Unterrechtsministère senger Linnleie kéinten a villäicht zu verschiddenen Themen eng e bësse méi kritesch Meenung propagéieren kéinten.
Ech wéilt dann ofschléisse mat e puerRemarken zum Asatz vun den digitale Medien an der Schoul. Lëtzebuerg ass mat relativ grousser Warscheinlechkeet dat Land op der Welt, wou d’Schoulen flächendeckendam beschten mat informateschem Material ausgestatt sinn. Gëschter huet de Minister jo annoncéiert, dass d’Lycée’en nach emol 15.000 I-Pads zousätzlech geliwwert kréien. Mee eleng eng exzellent Ausstattung vun eise Schoulen mat digitalem Material stellt keng Plus-value duer. Digital Medien eleng produzéiere kee pedagogesche Mehrwert vir d’Schoul. Et ass eleng duerch d’Aart a Weis, wéi dëst Material pedagogesch sënnvoll a mat Struktur an der Schoul agesat gëtt déi eng Plusvalue entstoen léist.
- An dofir muss e Gesamtkonzept vir d’Schoulen erstallt ginn.
- Dofir musse Léierprozesser vir komplett Léiergäng ausgeschafft ginn.
- Dofir muss d’Ausbildung vun den Enseignanten eng fundamental Neiorientéierung erliewen.
All dat ass zu Lëtzebuerg net, oder vill zewéineg ginn. Bei eis ass jiddereen ëmmer nach iergendwéi op sech eleng gestallt,nom Moto – hei ass d’Material, hei sinn e puer Beispiller, kuck dass de eens gëss. Et kann een zwar vu punktuellen Offeren a Programme profitéieren, nach gëschter huet de Minister e puer Neierunge präsentéiert, mee, wéi gesot, et feelt aktuell un engem pedagogesche Gesamtkonzept vir d’Schoul.
Als problematesch empfanne mirausserdeem de Kontrakt, deen de Bildungsministère mat engem Konzern wéi Apple ofgeschloss huet an deen d’Schoulen mat informateschem Material ausrüst. Eise Staat gëtt esou enger privater Firma en exklusiven Zougang zu eise Schüler an huet et sou vill méi einfach, si als spéider Clienten ze rekrutéiere. Eis Schoule sollen awer kee Marché fir privat Firmen duerstellen an eis Schüler solle weiderhin als Schüler, a net als Clienten ugesinn ginn.
Eng weider Fro stellt sech zum Dateschutz: Grouss Konzerner, wéi Apple an Microsofterhalen an eise Schoulen Zougang zu den Date vun eise Schüler a mir wësse net präzis, wat mat deenen Date passéiert. D’Schoul huet awer och d’Aufgab, d’Date vu senge Schüler ze schützen an si iwert d’Thema Dateschutz opzeklären. Hei stelltsech d’Fro, firwat d’Lëtzebuerger Schoulen net insgesamt méi mat open source Materialie schaffen, di keen kommerziellt Interesse un eise Schüler hunn.
Vir dass mir eis net falsch verstinn, mir sinn eis scho kloer bewosst, dass mir déidigital Medien brauchen vir d’Schüler op Zukunft ze preparéieren, mir brauchen engëmfaassend Mediebildung vir eis Schüler,mee vir dat ganzt pedagogesch sënnvollemzesetze brauche mir och e kloertGesamtkonzept, mir brauchen Strukturen,mir brauche Programmer a mir brauchen ausgebilte Léierpersonal. Villes dovunnerass nach net an eise Schoulen ukomm,och wann de Minister gëschter op senger Pressekonferenz ganz vill iwwert déi digital Kompetenze geschwat huet an eng Réi Neierungen annoncéiert huet.